Héich Demande an Testzenteren an Apdikten, Lëtzebuerger Arméi hëlleft
De Pabeier mam QR-Code ass dëser Deeg vill gefrot. Zenter dem 15. Januar muss een nämlech säi CovidCheck weisen, fir op senger Aarbechtsplaz eranzekommen.
Wien net grad am Homeoffice sëtzt, krank oder am Congé ass, muss geimpft, geheelt oder ebe getest sinn. Ronn 80 Prozent vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung iwwer 12 Joer si mëttlerweil geimpft. Dat heescht awer och, dass 20 Prozent et net sinn.
Kuerz virum 15. Januar weist sech ee ganz ënnerschiddlecht Bild bei de verschiddenen Apdikten. Bei deenen engen ass et nach roueg, ma fir déi kommend Woche sinn awer schonn eng gutt Partie Rendez-vouse fixéiert. Esou schlëmm wéi et beispillsweis viru Vakanzen heiansdo ass, ass et awer net. An aneren Apdikten dogéint ass deeglaang alles ausgebucht. D'Apdikte si jo aktuell ee wichtegen Acteur, wann et ëm zertifiéiert Schnelltester geet. Déi sinn zwar just 24 Stonne gutt, d'Resultat steet awer schonn no 15 Minutte fest.
Iwwert d'Testzentere vun deene verschiddene Laboratoirë kritt een en zertifiéierte PCR-Test ausgestallt, dee gëllt 48 Stonnen. Dës Tester sinn dann awer schonn e bësse méi deier an et brauch ënnerschiddlech laang, bis ee Resultat ukënnt. Den Zertifikat kritt ee réischt, wann d'Resultat do ass. Déi 48 Stonne gëlle vun deem Moment u, wou den Test gemaach gëtt. Et ginn och Formullen, do kritt een en Test méi séier, déi kaschten nach méi.
D'Laboratoirë spieren, dass déi lescht Zäit d'Demande un Tester eropgeet. Dat och, wëll d'Infektiounszuelen héich sinn an déi meescht Leit mat engem Zertifikat vum Dokter kommen. Leit, déi een Test fir den 3G op der Aarbecht maachen, géifen deemno nach zousätzlech zu enger héijer Charge dobäikommen.
Laboratoires Réunis hunn dorop reagéiert a méi Personal rekrutéiert. Ënner anerem soll et och een neien Testzenter zu Käerjeng ginn an et si 50 nei Leit agestallt ginn, fir ze testen a fir d'Ofstrécher am Laboratoire auszewäerten.
Teste mat Ënnerstëtzung vun der Arméi
Fir déi Leit, déi bis lo just ee Mol geimpft sinn an nach op hir zweet Dosis waarden, huet d’Arméi Testzenteren opgeriicht. Et wéilt een deene Leit entgéintkommen an hinnen d’Méiglechkeet ginn, sech gratis testen ze loossen. Dofir ginn et Voucheren, 20 Stéck bis aktuell mol den 28. Februar, déi kënnen an de fënnef Testzentere vun der Arméi ageléist ginn: zu Jonglënster, um Houwald, beim Rond-point Raemerich zu Esch, um Fridhaff an um Kierchbierg bei der LuxExpo.
D'Decisioun, fir de Leit no der Primovaccinatioun entgéint ze kommen, war séier getraff, sou den David Wickler vun der Arméi:
"Et ass een immens groussen Effort fir d'Lëtzebuerger Arméi. Fir déi 5 Testzentere sinn 200 Leit vun eiser Arméi am Asaz. Dat si militär wéi zivil Leit vun der Arméi. Dat mécht 20 Prozent vun der Arméi aus. Mee dat ass derwäert, well mer maachen dat fir d'Lëtzebuerger Populatioun. Wann Nout um Mann ass, gi mer geruff a maachen dat eben och fir géint d'Pandemie ze kämpfen a fir eise Leit ze hëllefen."
Eng Dose Leit géingen do nach dobäi kommen, fir de Ravitaillement vun den eenzelen Zenteren ze garantéieren.
Et kann ee lo awer net einfach ëmmer spontan virun der Aarbecht dohinner fueren. Als éischt muss een nämlech op MyGuichet e Rendez-vous huelen. Hei gëtt een dann de Code an, deen een op de Bonge fënnt, déi een no der éischter Impfung krut. Op wat ee beim Accueil dann oppasse muss, erkläert den David Wickler:
"Do weisen se hire Rendez-vous-Ziedel, dee musse si rausgedréckt matbréngen. Dat ass ganz wichteg, dee MUSS erausgedréckt ginn. Da weisen se eng Carte d'Identité oder e Pass, also iergendeng Pièce d'Identité."
Da kann ee sech installéiere goen a selwer den Test maachen. Dëst leeft dann ënner Opsiicht vun engem Responsabele vun der Arméi of. Wann den Test negativ ass, gëtt et ee Stempel op den Ziedel mat der Confirmatioun vum Rendez-vous. Dat ass dann een zertifiéierte Schnelltest, dee 24 Stonne gülteg ass. Et muss een also deemno wéi all Dag heihinner ee maache kommen, sou laang bis een déi zweet Dosis vum Vaccin krut.
D'Nofro ass grouss. Elleng op engem Dag kommen iwwer 1.300 Rendez-vousen an allen Testzenteren zesummen. Bis zu 56.000 Tester kënnen hei pro Woch gemaach ginn. Den Thorsten ass ee vun hinnen: "Mir hunn 3G op der Aarbecht entweder kascht et Geld oder et geet ee sech impfen."
Et wier nach wichteg ze betounen, datt hei nëmme Leit sech teste loosse kënnen, déi en Test brauche fir op d'Aarbecht an net fir Fräizäitaktivitéiten. Des Offer gëllt bis Enn Februar a gëtt och net verlängert. Souwuel Residenten, wéi och Frontaliere kënne sech hei teste loossen. Och samschdes a sonndes sinn déi Zenteren op.
Covidchecker: Eng Borne, fir d'Liese vun de QR-Coder ze vereinfachen
Zanter e Samschdeg gëllen nei Reegelen op der Aarbechtsplaz, wann ee schaffe geet. Op ville Plaze stinn esouguer Bornen, fir de Scann ze vereinfachen. De Steve Reisdorf ass deejéinegen, deen déi installéiert Software vum Programm an de Borne geschriwwen huet an dunn d'Iddi déi en ufanks hat, weiderentwéckelt huet. D'Software an och d'Konstruktioun geschéien all am Steve Residorf sengen Büroen zu Mamer.