1 Persoun mat Droge festgeholl an e puer Onéierlecher ënnerwee

Wéi d'Police e Sonndeg mellt, gouf e puer Mol uechtert Land agebrach, zwou Persoune goufen an der Stad iwwerfall an eng Persoun gouf mat Droge gepëtzt.
E Samschdegowend géint 21.30 Auer koum et op der Plëss zu engem Déifstall mat Gewalt. Eng Koppel war a Richtung Hamilius ënnerwee, fir de Bus ze huelen, wéi eng Persoun vun hannen op si duerkoum. De Mann huet de Frënd an den Aarm geholl an him liicht op d'Broscht geklappt. Eréischt kuerz drop huet d'Koppel gemierkt, datt den Onéierleche wärenddeem seng Goldkette vun héijem Wäert geklaut hat.
Géint 23 Auer huet e Mann an der Avenue de la Gare an der Stad Suen op engem Bankomat opgehuewen. Wéi hien d'Suen aus dem Automat wollt huelen, gouf hie vun enger Persoun op d'Säit gedréckt, déi d'Schäiner geholl huet an a Richtung Rue de Strasbourg geflücht ass.
Am Lokalen mellt d'Police Abréch an enger ganzer Rei Uertschaften. Zu Giewel, Walfer, Waldbëlleg, Itzeg, Uewersyren an um Kierchbierg haten Onéierlecher et op Haiser ofgesinn. Zu Beetebuerg, Rodange an Hollerech gouf a Kellere respektiv Garagen agebrach.
Um Freideg
E Freideg géint 22 Auer si Policebeamten an der Avenue de la Gare an der Stad op eng Persoun opmierksam ginn, déi a Richtung Avenue de la Liberté fortgelaf ass, wéi se hire Won gesinn huet. An der Rue Glesener konnt d'Persoun da gestoppt ginn.
Op der Strooss hunn d'Polizisten eng Strëmp fonnt, an där e puer wäiss Plastikskugele waren, déi sech am Laf vun der Enquête als Kokain erausgestallt hunn. Bei der Kontroll vum Mann konnten dunn nach en Handy a Boergeld séchergestallt ginn. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl an dem Untersuchungsriichter virgefouert.