Grad a Betriber, wou Homeoffice keng Optioun ass, suergen déi coronabedéngten Absencë bei esou munchem Patron fir Kappzerbrieches.

D'Infektiounszuele sinn ëmmer nach immens héich. Dat bedeit fir vill Betriber natierlech och, dass vill vun hire Leit net kënne schaffe kommen, well si sech entweder selwer mam Virus ugestach hunn, Kontakt mat engem Infizéierten haten oder Congé pour raisons familiales mussen huelen.

Covid-Situatioun an de Betriber - Reportage Maxime Gillen

Op den 3G op der Aarbechtsplaz hätten d'Betriber sech gutt agestallt, heescht et esouwuel vun der Handwierkerfederatioun, wéi och vum Groupements des entrepreneurs. Problemer maachen déi vill Infektiounen. Grad och, well zum Beispill d'Prozedure, fir Chômage partiel unzefroen, ganz rigid sinn, wéi den Direkter vun der Federation des artisans Romain Schmit erkläert:

"Mir haten et elo am Dezember, wou déi Omikron-Well komm ass, déi wierklech iwwert de Secteur geschwappt ass, wou beispillsweis d'Soins du corps, d'Coifferen an Esthéticiennesn guer net dermat gerechent haten, dass e Problem wier. Déi soen elo 'Merde on a loupé le coche' well mir vergiess hunn, mat Zäiten de Plan de maintien de l'emploi ze maachen, well déi hunn elo momentan ganz vill Schwieregkeeten."

Schwieregkeeten hunn an Tëscht och eng ganz Rei Betriber am Bausecteur. Nieft der Penurie vu Material a Retarde bei Liwwerungen, dreift och do de Personalmanktem d'Präisser an d'Luucht, esou de Pol Faber vum Groupement des entrepreneurs:

"Eisen Informatiounen no leie mir an engem Duerchschnëtt vu 6 bis 7 Prozent, déi Covid-bedéngt am Krankeschäi sinn an dozou kann een dann och nach eng Kéier 3 bis 4 Prozent derbäi rechnen, wat alles un dës Absencë liéiert sinn, Congé parentale asw. An dat bréngt natierlech mat sech, dass et op de Chantieren eng ganz Partie Retarde gëtt. Do schwätze mir vun etleche Woche Retarden."

D'Handwierkerfederatioun fuerdert dann och, dass d'Corona-Restriktiounen endlech opgehuewe ginn. Genee wéi aner Länner misst och Lëtzebuerg elo konkret iwwert en Enn vun de Restriktiounen nodenken.

Situatioun bei der Post an en CFL

Mir hu bei zwee ganz grousse Betriber hei am Land nogefrot, wéi eng Repercussiounen Omikron an den 3G-System op hir Ofleef hunn.

Den Direkter vun der Post Claude Strasser erkläert, dass ee mat Covid-bedéngten Ausfäll ze dinn huet, mä net an alle Servicer d'selwecht akut. D'Absencë wiere ganz ongläich verdeelt.

„Mir hu Plazen, wou et wierklech enk ass mam Personal. Dat ass bei der Distributioun vun de Bréiwer de Fall. Do gouf et d'lescht Woch wierklech Enkpäss. Do hu mir ganz just evitéiert kritt, dass et keng Ausfäll gouf. Et war enk."

Et géif och plazeweis Enkpäss beim Personal, dat fir Installatioune bei Clienten zoustänneg ass. Generell kéint een awer och déi Servicer oprecht erhalen. An de Post-Guichete wier d'Situatioun am Verglach mam Ufank vun der Pandemie elo stabel.

An eng positiv Analys mécht och d'Spriecherin vun den CFL d'Alessandra Nonnweiler. Bei der Eisebunn géif d'Situatioun all Dag nei bewäert ginn. Ausfäll ginn et natierlech och do, mä d'Zich an d'Busser kënnen normal fueren.

D'Alessandra Nonnweiler:

„Mir hunn eis scho laang am Viraus virbereet. Mir hu wéinst dem 3G an Omikron Reserven ageplangt. Grad an deene Beräicher, déi essentiell si fir den Oflaf bei Bus an Zuch. Fuer- a Zuchbegleetpersonal, mä och an der Zentral an natierlech am Atelier."

Bei den CFL an och bei der Post huet ee sech mam 3G-Regimm arrangéiert. Uganks war et e groussen administrativen Opwand, elo Routine.