Neie Comité wëll sech fir mental Gesondheet a Schoulreform asetzen

© AFP (Archiv)
Déi national Schülerkonferenz CNEL huet en neie Comité. Ma Theme wéi d'Educatioun an der Pandemie huet déi nei Ekipp awer geierft.
D'CNEL, déi National Schülerkonferenz, huet eN neie Comité. Am Virdergrond soll och d'Nohaltegkeet stoen. Do wëll d'Schülervetriedung bewierken, dass d'Politik méi op déi Jonk lauschtert. Aner Themen, déi der neier Ekipp besonnesch wichteg sinn, sinn déi mental Gesondheet, den Transport oder och nach d'Schoulreform.
Als neie President gouf den 18 Joer jonke Luc Dauphin, Schüler am Lycée Arts et Métiers, gewielt. De Luca Colling, Premièresschüler am Mamer Lycée, ass Coopté Première. Dat ass e Vertrieder fir d’Schüler op den Ofschlossklassen. Zwee esou Vertrieder huet d’CNEL elo. Dat ass e Posten, deen et virdrunner net gouf. De Grond, fir eng Vertriedung vun den Ofschlossklassen ze schafen, ass ënnert anerem d'Pandemie, erkläert de Luca Colling:
Op de Premièresklassen géing et nämlech vill Problemer ginn, déi net ëmmer bis bei de Ministère kommen. Als direkte Lien tëscht de Schüler an dem Educatiounsministère wëll ee mat deem neie Posten fir eng besser Kommunikatioun suergen.
Et hätt een och gemierkt, dass d'Schüler den Ament vill méi Stress hunn an ënner Drock sinn. Well Coursen ausfalen oder digital gehale ginn, wier et net ëmmer ganz evident ze wëssen, waat ze léieren ass. E Problem deen virun allem bei den Ofschlossexamen fir vill Stress suergt. De President vun der CNEL Luc Dauphin:
Der Schülervertriedung ass et wichteg, dass fir eng gutt mental Gesondheet déi speziell Besoine vun de Schüler erfëllt ginn. Vill Jonker bréichteN nämlech elo méi Ënnerstëtzung. De SEPAS oder aner Forme vun Ënnerstëtzung misste méi agebaut ginn, fir dass d’Schüler sech an hirem Alldag wuel fillen. Den Ament géingen d’Schüler nämlech en immenseN Drock verspieren.
Net nëmme bei der mentaler Gesondheet wënscht ee sech nei Strukturen. Och de Schoulsystem wëll d'CNEL iwwerschaffen. D'lescht Joer hat d'Schülervertriedung d'Schoulreform an d'Liewe geruff. Am Fondamental an am Secondaire soll den Unterrecht ugepasst ginn, esou de Luca Colling:
Et sollt ee vum Frontalunterrecht ewechkommen, dee wier dem 21. Joerhonnert net méi ugepasst. Déi néideg Mëttelen an d’Technologië wieren do. Dowéinst wier dat ee vun den Ziler vun der CNEL, eng méi dynamesch Schoul ze hunn.
Zu enger dynamescher Schoul géing dann och e bessere Schoultransport gehéieren. Dee wier nämlech nëmme fir festgeluechten Auerzäite garantéiert. Wie méi laang an der Schoul bleift, wat bei den ieweschte Klasse gängeg wier, huet et herno schwéier fir heem ze kommen.
Verschidde Schüler, déi soss 15 Minutte brauchen, bréichten ouni Schoulbus vill méi laang, well si dacks waarden an ëmsteige missten. Fir dass d’Schüler awer owes nach Zäit hunn, fir ze léieren an e Privatliewen hunn, missten d’Schoule méi Busser zur Verfügung stellen.
Oder den ëffentlechen Transport besser op d'Schoulen ofstëmmen. Domadder wëll déi nei CNEL-Ekipp den Alldag vun de Schüler verbesseren. Och dowéinst ass et wichteg, dass sech Schüler bei hirem Comité oder der CNEL mellen, souwuel wa Problemer sinn, mee och wann ee sech engagéiere wëll. Nëmmen esou kéint een och eppes veränneren.