Ween dëser Deeg wëlles huet, mam Fliger an d'Vakanz ze fléien, soll e bësse Gedold matbréngen. Um Freideg de Moie goufen et laang Schlaangen um LuxAirport.

Beim Check-in huet et ee ronn 1 Stonn mussen aplangen, ma duerno gouf et dann och nach emol eng laang Schlaang virun der Sécherheetskontroll, wou et och gutt a gär nach emol 1 Stonn dauere kann.