Um Freideg am Nomëtteg war et ugangs den Opruff, vu 15 Auer un dobannen ze bleiwen. Um 18 Auer dunn d'Entwarnung vun den Autoritéiten.

D'Krisenzell war um 17.30 zesummekomm: Et war de Constat, datt de Stuerm iwwer Lëtzebuerg manner schlëmm war wéi gefaart.

Eng Alerte Jaune ass nach a Kraaft bis Mëtternuecht.

Mat Wandspëtzte vun iwwer 100 Stonnekilometer huet en zolitten Stuerm och iwwer Lëtzebuerg geblosen. D'Alerte "Intempéries" war wéinst dem Stuermdéif op rout gesat ginn: d'Krisen-Cellule ënnert der Leedung vun der Inneministesch koum 3 Mol am Laf vum Dag beieneen.

D'Ekippen vum CGDIS an de Ponts et Chaussées bleiwen am Stand-by: Am Kontext vum Stuerm goufen et um Freideg am Nomëtteg eng 50 Interventiounen iwwer Land - déi meescht wéinst Beem, déi a Stroosse gefall waren.

Blesséierter goufen et keng.

Och d'Luxair hat 8 Volle missten sträichen. Problemer am Schinneverkéier goufen et keng.

D'Regierung seet der Populatioun Merci fir d'Matschaffen an datt d'offiziell Consignë vum "Doheem-bleiwen" suivéiert goufen.

An Europa huet de Stuerm Mënscheliewe kascht an et ass grousse Schued entstanen.

Inneministesch Taina Bofferding um Plateau
Um Freideg am Nomëtteg war et ugangs den Opruff, vu 15 Auer un dobannen ze bleiwen. Um 18 Auer dunn d'Entwarnung vun den Autoritéiten.

Offiziellt Schreiwes vun der Krisecellule (18 Auer)

Communiqué par le ministère de l'Intérieur, le Haut-Commissariat à la Protection Nationale et le Service de la communication de crise

La cellule de crise s'est réunie de nouveau à 17h30, sous la présidence de la ministre de l'Intérieur Taina Bofferding, pour faire le point de la situation.

Bien que des rafales au-delà de 100 km/h ont été enregistrées, les autorités constatent que les intempéries se sont avérées être moins graves que prévues.

De ce fait, la vigilance rouge « intempéries » est levée à 18h. Une vigilance jaune restera en vigueur jusqu'à minuit. Les autorités continuent de suivre l'évolution de la situation de près.

Les équipes du CGDIS et de l'Administration des Ponts & Chaussées ont dû intervenir à 49 reprises en lien avec les intempéries. Aucune personne n'a été blessée.

Des perturbations de la circulation peuvent persister.

Madame la ministre Taina Bofferding exprime la reconnaissance du gouvernement pour la bonne coopération entre les différentes entités étatiques et remercie les agents et les volontaires pour leur disponibilité et leur engagement au cours des dernières heures ainsi que la population d'avoir respectée les consignes officielles.

E Bléck vun der RTL-Wieder-Cam op d'Stad

Wéi staark bléist de Wand?

RTL-Wiederfräsch

Trafic-Info

Déi wichtegst Zorte vun Nidderschléi fir déi nächst 3 Deeg

Quantitéit un Nidderschléi fir déi nächst 3 Deeg

HD Wiederradar - Déi lescht 3 Stonnen