De Stuermdéif "Zeynep" huet an Europa fir grousse Schued gesuergt.

An der Belsch huet de Stuerm "Zeynep" (international: Eunice) fir méi schro Konsequenze gesuergt wéi zu Lëtzebuerg. Op d'mannst eng Persoun koum ëm d'Liewen an de Wand huet Deeler vum Daach vum Flughafen zu Bréissel ewech geblosen.

De Porte-parole vu Brussels Airport präziséiert, datt verschidde Panneauen, déi um Daach vum Terminal A fixéiert waren, lass gaange sinn. Eng Zon vum Flughafen, um Tarmac an och ënnerdaach, huet doropshi fir d'Passagéier an d'Personal missten zougemaach ginn.

Wéinst de Wiederkonditiounen huet de Fluchtrafic och zum Deel misse gestoppt ginn. Et wier ze geféierlech fir d'Fligeren an- an auszelueden. Um Internetsite vu Brussels Airport ginn d'Leit och opgeruff, net op hir Bagagen ze waarden, mä iwwer Internet de "Lost and Found" ze kontaktéieren, soubal se doheem ukomm sinn.

Um Flughafen ass awer kengem Mënsch eppes geschitt.

Am Hafen zu Ypres dogéint ass en 79 Joer ale Mann gestuerwen. Hie war an d'Waasser gefall, wéi e probéiert huet Saachen ze recuperéieren, déi duerch de Wand fortgeflu sinn.

Eng hallef Dose Leit goufen donieft blesséiert an a verschiddene Regioune waren d'Hëllefsdéngschter debordéiert. Zum Beispill an der Regioun Charleroi oder och zu Léck.

Um Fluchhafen zu Ostende goufe Wandvitesse vun 133 Kilometer an der Stonn gemooss.

An Holland sinn op d'mannst dräi Persounen ëm d'Liewe komm. Esou goufen zu Amsterdam zwou Persoune vu Beem erschloen an am Oste vun der hollännescher Haaptstad ass e weider Mënsch gestuerwen, wéi e Bam op säin Auto gefall ass.

Beem sinn op d'Weeër an op d'Stroosse gefall an hunn dës onpasséierbar gemaach. Och Stécker vun Haiser a Gebaier sinn erofgefall. Déi hollännesch Police huet dowéinst eng Rei Stroosse misse spären.

Seriö geblosen huet et um Freideg wéi a wäiten Deeler vun Europa och a Groussbritannien. Esou gouf ënnert anerem den Daach vun der O2-Arena a Stecker gerappt. Mat iwwer 196 Kilometer an der Stonn ass de Stuerm ënnert anerem iwwer London gezunn. An och de Südoste vun England war zolidd betraff. Op der Côte zu Brighton hu meterhéich Wellen d'Mier opgepeitscht. Gemittlech op der Digue spadséiere geet anescht. Iwwer 140.000 Stéit hate kee Stroum méi.

Och d'Opsetze vu Fligeren um Fluchhafe war fir d'Pilote bei dësem Wieder kee Kaddo. Esou war och de Londoner Fluchhafen Heathrow betraff. No etleche Versich war et engem Pilot schlussendlech gelongen, säi Fliger sécher erofzebréngen. Am Ganze goufen eng 436 Flich a ganz Groussbritannien wéinst dem Stuerm gestrach.

Heathrow

Un der Côte zu Cornwall gouf en Daach vun engem Gebai fortgeblosen an am Südoste vun Irland gouf eng Persoun vun engem Bam erschloen. Eng 80.000 Gebaier hate kee Stroum méi. Den Zuchtrafic gouf gestoppt an d'Färe sinn net méi zirkuléiert. Och d'Schoule sinn um Freideg zoubliwwen.

RTL

Meterhéich Wellen un der walisescher Küst

Och grouss Deeler vum Norde vu Frankräich ware vum Stuerm betraff. Zu Wimereux op der Côte d'Opale huet et e Freidegmëtteg och zolidd gestiermt. Eng Partie Awunner hu sech virun d'Dier getraut. Dobäi hunn d'Welle vun der Manche an der Nordséi géint d'Plage vun der 8.000 grousser Awunnerstaat vu Wimereux geschloen.

Situatioun zu Lëtzebuerg

De Grand-Duché ass mat Wandspëtzten vun iwwer 100 Stonnekilometer nach gutt ewechkomm. D'Alerte "Intempéries" war zwar op rout gesat ginn, ma e Freideg géint der Owend gouf d'Vigilance rouge dunn nees annuléiert. D'Ekippe vum CGDIS an de Ponts et Chaussées haten duerch de Stuerm bis e Freideg den Owend eng 50 Interventiounen iwwer Land - déi meescht wéinst Beem, déi a Stroossen gefall waren. Och d'Luxair hat 8 Vollen missten sträichen.

Stuermwarnung "Alerte Rouge"
Um Freideg am Nomëtteg war et ugangs den Opruff, vu 15 Auer un dobannen ze bleiwen. Um 18 Auer dunn d'Entwarnung vun den Autoritéiten.