
Siwe Klasse sinn an enger Annexe an der Sauerwiss ënnerbruecht, d’Ateliere fir d’Beruffsausbildung sinn nach méi wäit ewech: zu Angelduerf op der Ettelbrécker Strooss. Am Fong waart ee lo schonn iwwer 20 Joer op een neit Gebai, erkläert d’Directrice vum Nordstad Lycée Francisca Rocha.
Dëst neit Gebai soll op e 7 Hektar groussen Terrain op Ierpeldeng kommen, dat tëscht der Laduno an dem Alzheimer-Foyer. D’Gesetz fir ee Projet an der Héicht vun 157 Milliounen Euro ass virun engem Joer gestëmmt ginn.
D’Gebai ass fir 1.200 Schüler mat Schwämm, Sportshal a Kantin. Een Hoke gëtt et awer bei der Saach, seet de Claude Gleis, Buergermeeschter vun Ierpeldeng un der Sauer, well den Terrain aktuell dem Staat nach net gehéiert.
Ech hoffen, datt déi Propos fir d’Leit fair ass. Am Finanzéierungsgesetz steet d’Utilité publique, an dat ass fir d’Éischt bei engem Lycée. Dat heescht souvill, wéi datt ee kéint en Terrain expropriéieren. Dat ass eng exzeptionell Mesure.
E Courrier soll dann och deemnächst un d’Besëtzer goen, an deenen een hinnen eng fair Offer mécht, esou de Claude Gleis weider.
D’Bréiwer sinn ënnerwee, krute mer vum Finanzministère confirméiert. De Site wier awer ideal wéinst der Ubannung un den ëffentlechen Transport, präziséiert de Buergermeeschter.
Fir virum definitive Bau Entlaaschtung ze schafen, gouf decidéiert, op engem aner Terrain, deen der Gemeng gehéiert, ee Gebai ze bauen, wou fir d’éischt eng 450 Schüler vum Nordstad Lycée ënnerkéimen an, wann dat neit Gebai vum Lycée bis steet, géif d’Ierpeldenger Gemeng d’Tëscheléisung als Primärschoul notzen. Eng Zäitschinn hei festzeleeën, ass awer net einfach, esou Buergermeeschter vun Ierpeldeng-Sauer:
Wann et soll eppes ginn, muss et séier goen. Datt mer do awer an 2 Joer domat ukéimen. Dat dee Lycée awer a 4 oder 5 Joer do steet, well soss huet et jo kee Sënn méi, fir dee Provisorium.
Mä mam Provisorium um Ierpeldenger Schoulsite wiere trotzdeem nach net all d’Problemer geléist. Wéi d’Francisca Rocha ënnersträicht, kéint een da just emol d’Annex Sauerwiss opginn. Genuch Plaz fir d’Offer vum Lycée no Wonsch auszewäiten, wier eréischt mam neie Schoulkomplex garantéiert.
Den Nordstad Lycée muss sech also nach e puer Joer drop astellen, vun engem Provisorium an deen aneren ze plënneren.