Zu Dikrech huet d’Croix-Rouge e Samschden Bluttspender geéiert, déi sech zanter Joren – heiansdo zanter Joerzéngten – engagéieren. 175 Fraen a Männer kruten an der Presenz vun der Grande-Duchesse eng Auszeechnung fir hiren Asaz. Si hunn am Laf vun hirem Liewe schonn 20, 40 oder souguer 80 Mol Blutt oder Plasma gespent.
D’Zeremonie sollt virun allem ee Message vermëttelen: Bluttspenden ass e fräiwëllege Geste, ouni deen de Gesondheetssystem zu Lëtzebuerg net funktionéiere géif. “Dat ass onwarscheinlech. Mir hunn hei zu Lëtzebuerg déi fidèlsten Blutspender-Basis a ganz Europa. An déi Donateuren, déi schonn zanter Jore bei eis komme, sinn immens engagéiert”, betount Sonja Hoffmann vum Roude Kräiz.
Bluttspenden ass keen alldeegleche Geste. All eenzel Donatioun hëlleft bis zu dräi Persounen – egal ob duerch rout Bluttkierpercher, Bluttplaquetten oder Plasma. D’lescht Joer ware ronn 15.000 Leit als Bluttspender bei der Croix-Rouge ageschriwwen. Zesumme koumen iwwer 20.000 Spenden eran.
Fir vill Donateuren ass Bluttspenden eng Selbstverständlechkeet. “Mäi Papp huet mech schonn als Kand eng Kéier matgeholl, an ech hunn dat direkt eng gutt Iddi fonnt. Dofir mécht een dat dann och fir de gudden Zweck”, erzielt de Mike Thies, deen dës Kéier mat enger Sëlwer-Medail ausgezeechent gouf.
Och d’Marie-Andrée Hoffmann-Weber (Sëlwer-Medaillistin), beschreift et als einfache Geste mat grousser Bedeitung: “Du hues allkéiers gehollef. All Kéier, wann s de Blutt gëss, hues de gehollef.”

Trotz dem groussen Engagement bleift de Besoin u Blutt héich – all Dag. Besonnesch beim Plasma kënnt et reegelméisseg zu Enkpäss esou d’Croix-Rouge. Och wann d’Zuel vun de Donateuren aktuell stabil ass, bleift et wichteg, datt sech ëmmer nees nei Leit bereet erklären, Blutt oder Plasma ze spenden.
“Ech mengen, mir si bal iwwerall e bëssen am Manque – beim Blutt wéi och beim Plasma”, seet d’Sarah Holz, déi mat enger Bronze-Medail geéiert gouf. “Et wier net schlecht, wa jidderee sech einfach géif picke loossen. Et ass keng grouss Affär, et dauert 15 Minutten, an dann ass et erëm eriwwer.”
Plasma spillt eng zentral Roll an der medezinescher Versuergung. “Dat ass déi Substanz, an där déi rout Bluttkierper schwammen”, erkläert Sonja Hoffmann. “Do si vill wichteg Proteinnen dran, déi fir den Immunsystem gebraucht ginn oder fir Medikamenter am Blutt ze transportéieren. De Plasma ass genee esou wichteg ewéi déi rout Bluttkierpercher.”
Bluttspenden dauert meeschtens net méi ewéi 15 bis 20 Minutten. E klenge Geste – ouni vill Tamtam. An awer goufen et e Samschden Medaile fir déi, déi ëmmer nees do sinn, wa se gebraucht ginn. Fir vill Patiente mécht dësen Asaz den entscheedenden Ënnerscheed tëscht Liewen an Doud.