
E Samschdeg de Moien um 7:43 Auer goufen d’Rettungsdéngschter wéinst engem Accident um CR314 tëscht dem Karelshaff an Uewerfeelen geruff. Hei hat sech en Auto iwwerschloen, eng Persoun gouf blesséiert. Op der Plaz waren d’Rettungsekippe vu Colmar-Bierg an der Nordstad am Asaz.
E weidert Accident gouf et um kuerz no 10 Auer an der Rue Jean-Baptiste Gillardin zu Péiteng. Am Bulletin heescht et, dass sech zwee Autoen ze pake kruten, zwou Persoune goufen heibäi blesséiert. Hei waren d’Ekippe vu Péiteng a Schëffleng am Asaz.