Ronn 1,25 Prozent vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung ass dement. Dës Zuel wäert an den nächste Joerzéngten awer klammen, schätze WHO an Alzheimer Europe.

Vergiesslechkeet, Orientéierungslosegkeet an de Verloscht vum Zäitgefill, dat sinn dacks éischt Symptomer vun enger Demenz. Et ass eng kognitiv Krankheet, déi een haaptsächlech am héijen Alter kritt. Mee et ginn awer och Fäll bei Jonken oder am mëttleren Alter.

Den aktuellsten Zuelen (2019) vun Alzheimer Europe no sinn zu Lëtzebuerg iwwer 7.500 Leit vun Demenz betraff. Weltwäit sinn et ronn 55 Millioune Leit an d'Zuel soll all Joer ëm 10 Millioune klammen. Dobäi kann d'Donkelziffer nach vill méi héich sinn.

Lauschtert hei de ganze Reportage

E vun de Betraffenen ass d'Eléonora Fario.

Bei der 83 Joer aler Fra, déi fir d'Lescht zu Walfer gewunnt huet, gouf virun e puer Joer Demenz diagnostizéiert. Hiren Zoustand ass den Ament stabil an a gudden Deeg ass si sech bewosst, dass si vill vergësst, well si dement ass. Trotz der Diagnos versicht d'Eléonora Fario weider dat Bescht draus ze maachen. Si geet villen Hobbyen no, wéi Bastelen an Trëppele goen a versicht, sou gutt et geet aktiv ze bleiwen. Vill Ënnerstëtzung krut si vun der Lëtzebuerger Alzheimer Associatioun (ALA). Scho virun hirer Diagnos goufe si an hire Jong hei beroden, bei wiem ee sech melle soll a wéi eng Tester kënne gemaach ginn. Wou d'Diagnosen du feststoungen, huet d'Eléonora Fario och eng Dagesstruktur vun der ALA besicht. Dat war besonnesch eng Erliichterung fir hire Jong de Robert Heros, wéi hien am Interview erzielt.

Virdrun hu sech 80 Prozent vu sengem Alldag ëm seng Mamm gedréint an dat mat engem Vollzäit-Job an enger Famill mat 2 Kanner. Virun der Aarbecht schonn huet hie mat senger Mamm geschwat, duerno schaffe goen an dann nach e puer Mol d'Woch bei seng Mamm heem fir ze kucken, wéi hiren Zoustand ass an ob se ësst. Ma Iessen a sech selwer versuerge war uganks e Problem bei senger Mamm. Duerch d'Demenz huet si no enger Zäit vergiess z'iessen oder ass de ganzen Dag am Bett leie bliwwen, well si vergiess huet moies opzestoen.

Dagesstruktur vun der ALA war deemno eng grouss Hëllef. Hei krut dem Robert Heros seng Mamm 3 Mol den Dag ze iessen a gouf betreit. Dat wier eng immens Entlaaschtung. E bësse méi spéit krut d'Eléonora Fario dunn eng Plaz zu Diddeleng am Altersheem, wou si zanterdeem lieft. Dat wier awer just esou séier gaangen, well si sech scho viru ronn 14 Joer op d'Waardelëscht gesat huet, erkläert d'Eléonora Fario. Am Altersheem ass si immens zefridden, well si ganz vill Aktivitéite matmaache kann, d'Betreier si ëmmer siche kommen, wann si eng Aktivitéit vergësst a ganz gutt ze iesse kritt, erzielt déi 83 Joer al Fra.

"Ech maachen nach all Aktivitéite mat an ech freeë mech, wann ech drun denken, dass ech an enger Stonn dat maachen, mee dann an enger Stonn ginn ech net, well do scho rëm alles fort ass an ech et scho rëm vergiess hunn, dass déi Aktivitéit ass. Dofir soen ech ëmmer, se solle mech siche kommen. Dat ass eppes, wat mir Leed deet... Dass et kee Mëttel géint Demenz gëtt an ech näischt dozou bäidroe kann, dass ech dann och dat maachen, wat ech gäre maache well."

RTL

D'Eléonora an hire Jong kucke sech ëmmer rëm gären d'Konschtwierker un, déi Si virun Joren sëlwer gemoolt huet. / © Céline Spithoven/RTL

Ma souwuel si wéi och hire Jong si sech bewosst, dass d'Demenz ëmmer méi schlëmm wäert ginn. D'Eléonora Fario seet awer, dass si hofft, dass et net esou wäit kënnt. Si wëll net nëmme méi do sëtzen an näischt méi matkréien. Och fir hire Jong ass déi Situatioun net ganz einfach. Hien ass frou, dass seng Mamm hien nach erkennt a si Aktivitéiten zesumme kënne maachen.

"Et ass schwiereg, mee et muss een einfach léieren de Moment ze liewen. Et muss een all Moment genéissen. Et lieft een net fir gëschter oder fir muer, mee et genéisst een d'Emotioun de Moment sëlwer. Et zielt, dass mir dee Moment eppes zesumme maachen an net op si sech spéider dorun erënnert. Et dierf een och net rose ginn, wa si sech dann net un eppes erënnert. Wann een dat bis verstanen huet, ass et méi einfach.", sou de Robert Heros. Besonnesch dankbar ass de Robert Heros och iwwert d'Betreiung an d'Hëllef vun Organisatioune wéi der ALA an dem Info-Zenter Demenz.

2050 solle knapp 20.000 Lëtzebuerger dement sinn

Dat geet aus Etüd vun Alzheimer Europe ervir. Hire Berechnungen no wieren dann 2,44 Prozent vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung betraff. Dobäi ass de Grond, wisou Zuel un Demenz-Erkrankungen an d'Luucht geet eigentlech ganz positiv: D'Leit gi wéinst de bessere Liewenskonditiounen ëmmer méi al.

Demenz ass déi siwentheefegst Doudesursaach a kann net geheelt ginn. Frae sinn dobäi duebel sou dacks betraff wéi Männer. D'Krankheet fänkt u mat Vergiesslechkeet an Orientéierungslosegkeet op familiäre Plazen. Dat waren och d'Symptomer, déi d'Eléonora Fario bemierkt huet. Wou si eng Kéier iergendwou hifuere wollt, wosst si bemol net méi wouhin a wou si wier. Dunn ass si mam Auto stoe bliwwen an huet gerascht an der Hoffnung, hir géif d'Zil rëm afalen. D'Fra hat d'Orientéierung verluer. Duerno ass si einfach virugefuer an huet gehofft eppes ze gesinn, wat hir bekannt virkënnt an esou huet si du bemol rëm Heem fonnt.

Wann Demenz da méi schlëmm gëtt, fänken déi Betraffen un, Nimm a Rendez-vousen ze vergiessen. Och Doheem fänkt een un duercherneen ze ginn an et brauch een Hëllef am Alldag. Dës weidere stelle Betraffener an dëser Phas dacks widderhuelend déi selwecht Froen an hu Schwieregkeeten ze kommunizéieren.

Am 3. Stadium verléiere Betraffener d'Gefill fir Raum an Zäit, erkennen hir eege Famill net méi a brauche permanent Betreiung. Och kréie staark dement Leit Probleemer beim Trëppelen an erliewe Verhalensännerungen. Dëst ka bis zu ongewollten Aggressioune goen.

An der leschter Etapp ass et fir d'Ëmfeld dacks nach méi schlëmm, wéi fir de Betraffene selwer. Dofir proposéiere souwuel d'ALA wéi och aner Hëllefsdéngschter Selbsthëllefsgruppen a Berodungsgespréicher un.

Präventiv am jonken Alter géint Demenz am spéidere Liewen

Präventioun kann ee schonn am ganz jonken Alter bedreiwen. Sou ass de Risk, am Alter dement ze ginn, méi héich, wann een als Kand eng schlecht Schoulausbildung genoss huet. Duerno soll een dann op déi typesch Saachen oppassen. Zigaretten an Alkohol kënnen Demenz fërderen. Awer och héije Bluttdrock, Iwwergewiicht, Diabetis, Problemer mam Gehéier an net genuch kierperlech Beweegung kënnen eng Erkrankung mat Demenz am spéidere Liewe promouvéieren. Och op seng mental Gesondheet soll en oppassen. Depressiounen an e Manktem u soziale Kontakter kann de Risk dement ze gi verstäerken.

Etüden no kënne ronn 40 Prozent vun de Risikofacteure vun Demenz vun de Mënsche beaflosst ginn.

RTL

40 Prozent vun de Risikofacteuren fir Demenz kënne vum Mënsch am Laf vu sengem Liewen beaflosst ginn. / © Dementia prevention, intervention, and care: 2020 report of the Lancet Commission, Livingston et al.

Strukture fir Betraffener

Dement Leit doheem ze versuergen, gëtt zemools am Verlaf vun der Krankheet ëmmer méi schwiereg. Soubal permanent Betreiung noutwenneg ass, kënne vill Famillen d'Laascht net méi droen a mussen op Wunnstrukturen zeréckgräifen. Dacks liewen dement Leit mat villen anere Senioren an Altersheemer zesummen oder kënnen Dagesfoyere besichen. Et gëtt hei am Land awer och ee Fleegeheem vun der ALA, wat ausschliisslech Leit mat enger staarker Demenz ophëlt. An klenge Gruppe liewen hei Betraffener zesummen a gi permanent betreit. Betraffener an hiert Ëmfeld brauchen awer vill Gedold. Tëscht 150 an 180 Leit sti fir dës Struktur op der Waardelëscht, wat doru läit, dass et ebe just eng spezialiséiert Struktur fir Demenz hei am Land gëtt.

D'ALA huet awer Wëlles, hir Wunnstruktur ze vergréisseren. Aktuell gëtt d'Wunnstruktur zu Ierpeldeng ausgebaut an uganks 2023 sollen esou 36 Plazen dobäikommen. Dës weideren ass d'Associatioun op der Sich no engem gëeegente Site, fir en zweet spezialiséiert Wunn- a Fleegeheem am Süde vum Land kënnen ze schafen.

Wéi soll ee mat Betraffenen ëmgoen?

Egal ob Famill, Frënn oder Friemer, et soll een dement-kranke Leit mat Respekt an Empathie géinteniwwer trieden. Zemools am spéidere Verlaf vun der Krankheet gëtt de Betraffenen zum Spigel vum Gespréichspartner, erkläert d'Christine Dahm, Direktiounsbeoptragt vum Info-Zenter Demenz. Dat heescht, wann ee selwer nervös oder ugespaant ass, tendéiert de Betraffenen dozou dës Gefiller ze reflektéieren.

Bei der Kommunikatioun ass d'Formulatioun vun de Sätz oder de Froen immens wichteg. D'Sätz solle kuerz sinn a just eng Informatioun vermëttelen. Bei de Froen ass et da wichteg, net ze vill Optiounen ze ginn. Dës weidere brauch ee vill Gedold, et soll een dem Betraffenen nämlech op kee Fall seng Defiziter ënnert d'Nues reiwen. Aussoe wéi: Dat hunn ech dir dach scho gesot" oder "erënners de dech rëm net drun?" sinn éischter kontraproduktiv a fërdere Konfliktsituatiounen.

Och wann een als friem Persoun op en Demenz-Kranken trëfft, soll ee Versteesdemech a Gedold matbréngen. Hei ginn et ganz klassesch Situatiounen zum Beispill am Supermarché an der Keess. Bemierkt een, dass déi Persoun virun engem an der Kees duercherneen oder iwwerfuerdert ass, soll ee gedëlleg bleiwen, och wann een deen Ament presséiert ass. Da soll ee sech och e Bild vun der Situatioun maachen, sou d'Christine Dahm vum Info-Zenter Demenz.

"Ass d'Persoun duercherneen, well se d'Orientéierung verluer huet? Well se hire Portmonnie oder hir Suen net fënnt? Weess si deen Ament net, wéi vill si muss gi fir ze bezuelen? Da kann een der Persoun och respektvoll Hëllef ubidden."

RTL

D'Ekipp vum Info-Zenter Demenz bitt Berodung fir Betraffener, hiren Entourage an fir all aneren un. "Et ass wichteg de Betraffenen ze erklären an ze weisen, dass et no der Diagnose och viru geet an ee säi Liewen awer nach gutt weiderliewe kann", sou d'Christine Dahm Direktiounsbeoptraagt vum Info-Zenter Demenz (hei an der Mëtt). / © Info-Zenter Demenz

Méi Informatiounen zu Demenz, der Präventioun an Hëllefsoffere fannt Dir bei der ALA an beim Info-Zenter Demenz.