Nach bis Enn Mäerz schléift de Claude am Nuetsfoyer vun der Wanteraktioun um Findel. Wat duerno kënnt, ass ongewëss.

Nuets Minusgraden, am Dag dacks gro an naass. Am Wanter ass et besonnesch schwéier, keen Daach iwwert dem Kapp ze hunn. Dat weess och de Claude. Hien ass zanter 3 Joren ëmmer erëm nees op der Strooss – ouni Confort a Sécherheet, an den Ament och ouni Akommes a Krankekeess.  Nach bis Enn Mäerz huet hien ee Bett an der Wanteraktioun (WAK) um Findel. Déi ass all Joer vum 1. Dezember bis den 31. Mäerz, fir de Sans-abrien hei am Land iwwert déi kal Wanterméint ze hëllefen.

D'Struktur um Findel besteet aus engem Nuetsfoyer mat ronn 250 Better an engem Dagesfoyer, an déi betraffe Leit sech opwiermen an eppes iesse kënnen. Dofir musse si sech awer all Dag am Viraus bei der Koordinatiounsekipp umellen.

Um Site schaffen am Ganzen dräi Acteuren aus dem soziale Beräich zesumme –  Inter-Actions, Croix-Rouge Caritas – an dat, ënnert dem Numm Dräieck Asbl. Am Asaz sinn eng Ekipp vu ronn 20 Professioneller aus dem soziale Beräich, Agents de sécurité, Botzpersonal a vill Benevollen.

De Claude verbréngt hei schonn säin 3. Wanter. Et ass een Däiwelskrees, aus deem een nëmme schwéier erauskënnt, seet hien.

Esou richteg stabil, war säi Liewen awer nach ni. Hien huet fréi ugefaange mat schaffen. Geheeft hu sech Interim- a CDD-Kontrakter, sou wéi Plaze bei Beschäftegungsinitiativen, an och mol Phase mat RMG. Virun dräi Joer ass d'Bezéiung mat senger laangjäreger Liewenspartnerin an d'Bréch gaangen. Dem Claude seng dräi jéngste Kanner sinn den Ament an engem Foyer.

Wat fir aner Leit vläicht ondenkbar wier, gesäit de Claude als Chance. An engem verloossene Gebai ze squatten, bedeit fir hie beispillsweis, een Daach iwwert dem Kapp ze hunn. Besser also, ewéi op der Strooss ze sëtzen oder, wéi hie selwer schonn erlieft huet, an engem Zelt am Bësch ze schlofen. De Nuetsfoyer vun der Wanteraktioun ass dogéint e Luxus.

An obschonn et net einfach ass, senger Roll als Papp gerecht ze sinn, wann een op der Strooss ass, léisst de Claude ee Gedanken net lass: seng Kanner zeréckzekréien. Dofir muss hien awer fir d'éischt emol säi Liewen an d'Rei bréngen. E puer Demarchen huet hie bis ewell scho gemaach, villes steet awer nach op...