Eng Partie Ukënnegunge goufen et um Sonndeg de Moien um adr-Nationalkongress zu Réiser.

De Parteipresident Jean Schoos trëtt of, fir d’Relève huet sech de Fred Keup opgesat, deen am Moment Deputéierten an der Chamber ass. De Walprozess ass wéinst engem Feeler op de Stëmmziedelen zweemol duerchgefouert ginn. Den Deputéierte Fred Keup gouf mat 86 Jo-, 4 Nee-Stëmmen a 4 Enthalungen als neie Parteipresident vun der adr gewielt.

A senger Ried huet den Nach-Parteipresident Jean Schoos de Krich an der Ukrain verurteelt a sech dofir ausgeschwat, sech "solidaresch" mat de Refugiéen ze weisen an de Mënschen aus der Ukrain "d’Dieren opzemaachen". Proposéiert gouf ënnert anerem eng Bourse fir ukrainesch Studenten, fir hinne bei hiren Etüden ënnert d’Äerm ze gräifen. Donieft gouf och déi nei Sektioun "adr Internationale" presentéiert, fir "auslännesch" Memberen an d’Partei ze integréieren. Déi Sektioun wäert op Franséisch an op Englesch funktionéieren.

A senger éischter Ried als neie Parteipresident sot de Fred Keup, hie géif fest u seng Partei gleewen - eng Partei, déi hie géif bewonneren, well si dat géing soen, wat déi aner sech denken, mee net géingen trauen ze soen. D'adr géing d'Leit hei am Land am beschte verstoen. Als President géing hie sech fir den Zesummenhalt vun der Partei asetzen. Et misst een op d'Leit zougoen, hinnen nolauschteren an d'Politik erklären.

adr-Kongress / Rep. Anne Wolff

Fir hie ginn et 7 Punkten, fir déi d'adr stéing: "Mir waren, sinn a bleiwen eng Partei fir dat soziaalt, eng vun der Fräiheet, an déi gi mir net op", sou den Nationalpresident. Eng Partei och fir d'Sécherheet, déi wéi mir een, wéi mir se kannt hätten, net géing opginn, eng Partei fir d'Ëmwelt, déi géint den onkontrolléierte Wuesstem ass. Eng Partei fir d'Famill, de Papp an d'Mamm. D'adr wier eng konservativ Partei, déi eis Sprooch also eis Identitéit net wäert opginn.

De Fernand Kartheiser huet a sengem Discours déi aner Parteie kritiséiert, déi Gréng wieren an engem  "ideologesche Wan", d’CSV an d’DP hätte "kee politescht Profil", d’Pirate wieren "e réngen Opportunisteveräin". De Fred Keup huet an deem Kontext déi héich Spritpräisser kritiséiert, do wieren déi Gréng maassgeeblech responsabel. D’CO2-Steier misst ofgeschaaft ginn. Amplaz misst een den "onkontrolléierte Wuesstem vum Land" verhënneren, et misst een déi 1 Millioun Awunner zu Lëtzebuerg evitéieren, esou de Fred Keup. Zousproch fir déi Propos gouf et vum Roy Reding. Et wier ee géint all Hausse vun "egal wéi enger Steier".

Haaptthema vum Discours war awer d’Verfassungsreform. D’adr gesäit sech an deem Kontext an enger Opklärerfunktioun: "Ouni eis wier déi Verfassungsreform kengem opgefall. Dass mir dorop opmierksam gemaach hunn, war e Gefale fir d’Demokratie", esou de Fernand Kartheiser. An der neier Verfassung wier festgeluecht, dass bei verschiddene Referenden och Net-Lëtzebuerger mat ofstëmme kéinten. D'Chamber kéint jee no Referendum festleeën, wien dierft mat wielen, erkläert de Fernand Kartheiser.

Fir d’Waljoer 2023 ass de Chef vun der politescher Sensibilitéit an der Chamber optimistesch: "Esou wéi mir lo opgestallt sinn, wäerte mir d’Wale gewannen". Den Deputéierte Jeff Engelen huet iwwerdeems d’Positioun vun der Partei an der Corona-Pandemie Revue passéiere gelooss, et hätt ee mat der eegener Linn richteg geleeën an et géing ee sech weiderhi géint eng Impfflicht ausschwätzen. Et wéilt een d’Gesellschaft net splécken, ma elo misst reflektéiert ginn, wéi sech d’Pandemie-Politik op d’Gesellschaft an déi mental Gesondheet ausgewierkt hätt.

Eng gutt 100 Leit waren op der Plaz, fir d’Discoursen ze suivéieren.

Fred Keup neie Parteipresident

No 9 Joer Presidence hält de Jean Schoos op. Hie wier ugetrueden, wéi d'Partei hie gebraucht hätt. Seng Aarbecht wier elo gemaach an elo wier et Zäit, enger neie Generatioun Plaz ze maachen.

Am Nationalkongress zu Réiser gouf de Fred Keup um Sonndeg de Moien als Successeur confirméiert. De Süd-Deputéierte war eenzege Kandidat, iwwerdeems den Alex Penning als eenzege Kandidat fir seng eege Successioun als Generalsekretär ugetruede war. D’ADR hätt an de leschte Méint e groussen Zoulaf kritt an hätt och nach ni besser Sondagë gehat. D’Partei zielt ronn 1.500 Memberen.

De Jean Schoos war no engem Richtungssträit an der ADR President ginn. 2012 ass den Deputéierte Jacques-Yves Henckes aus der Partei ausgetrueden, well hien net mam deemolege President Fernand Kartheiser senger streng konservativer Linn d'Accord war. Kuerz drop ass de Fernand Kartheiser als Parteipresident zréck getrueden. An deem Kontext hat och den ADR-Vizepresident an Deputéierte Jean Colombera d'Partei verlooss.