En Dënschdeg kommen d'Gewerkschaften, Patronat an d'Regierung am Sennenger Schlass fir eng Tripartite zesummen. Grond sinn déi héich Energiepräisser.

Et ass well déi 2. Tripartite a grad emol 3 Méint. Déi lescht gouf vun de Gewerkschafte staark kritiséiert.

Tripartite / Réckbléck Anne Wolff

Wéinst der aktuell héijer Inflatioun vu 5,5 Prozent steet ewell déi nächst Ronn vun der Tripartite un. Patronat, Gewerkschaften a Regierung diskutéieren driwwer, wéi een déi héich Energiepräisser offiedere kéint, een Haaptsujet wäert och den Index sinn. Et ass ewell déi 2. Tripartite an 3 Méint. De Vizepremier François Bausch sot den 10. Mäerz. "Do hannendru spillen awer nach e ganze Koup aner Risiken, wéi zum Beispill, dass mir nees an eng Rezessioun erarutschen. Da muss een och kucken, wéi sech dat Ganzt op d'Staatsfinanzen auswierkt. Meng perséinlech Meenung ass, dass mir hei mussen an d'Richtung goe vun engem antizykleschen Investitiounsprogramm, deen dann och bei Alternative vun de fossillen Energien usetzt."

Réckbléck: Am Dezember waren d'Acteuren ewell um Sennenger Schlass zesummekomm. Deemools war et déi éischt Tripartite zanter annerhallwem Joer, deementspriechend vill Fuerderunge gouf et vun de Gewerkschaften, ënnert anerem an de Beräicher Logement, Santé a Fiskalitéit.

De Premier Xavier Bettel huet deemools betount, dat géing net alles an eng Dräier-Ronn gehéieren, d'Tripartite kéint net eng Quadripartite, e Logements-oder e Klimadësch ersetzen. Et misst e Kriseninstrument bleiwen.

Déi getraffe Mesuren am Dezember waren iwwersiichtlech: Ënnert anerem gouf de Chômage partiell fir vulnerabel Secteuren an déi finanziell Hëllefe fir Betriber bis Februar verlängert. Beim Thema Kafkraaft gouf ee sech net eens. D'Gewerkschafte waren deementspriechend onzefridden. Den LCGB-President Patrick Dury sot deemools, et hätt een de Geck mat de Sozialpartner gemaach.

De Steve Heiliger, Generalsekretär vun der CGFP huet betount, et wier een net der Meenung, dass d'Kafkraaft duerch gratis Mëttegiessen an de Schoulkantinne gestäerkt gi wier oder d'Allocation de vie chère eropgesat géing ginn. Et hätt ee sech Kompensatioune fir déi héich Logements-an Energiepräisser erwaart an och fiskal Mesuren.

Virun der neier Tripartite mécht e méiglecht zäitlecht Versetzen oder eng Modulatioun vum Index de Gewerkschafte Suergen. D'Handwierksfederatioun an d'Associatioun vun de Banke fäerten iwwerdeems, dass eng weider Indextranche d'Kompetitivitéit vu Lëtzebuerg wéinst méi héije Salaireskäschte limitéiere géing. Si fuerderen dofir nëmmen eng Indextranche pro Joer, awer punktuell Hëllefe fir geziilte Secteuren.