Eng Kierch, déi net gebaut gouf, en Hotel vun 1932 an den éischte Supermarché mat Caddie. Dat ass nëmmen en Deel Geschicht vun der Stroossbuerger Strooss.

1. Deel an der Stroossbuerger Strooss / Rep. Monica Camposeo

D'Stroossbuerger Strooss ass déi lescht Joren éischter negativ an der Press opgefall. Dobäi ginn et zu dëser 800 Meter laanger Strooss vill ze erzielen, wat näischt mat Drogëgeschichten oder dem Onsécherheetsgefill ze dinn huet. An eiser Serie iwwert d'Stroossbuerger Strooss hunn 3 RTL-Journalistinne sech iwwert eng Woch e Bild vun der Strooss gemaach an dat zu den ënnerschiddlechsten Auerzäiten. Am éischten Deel sprange mir awer fir d'éischt e bëssen an der Zäit zeréck.

Eng 1.700 Leit wunnen hei an der Strooss, déi et zënter 1800 gëtt a bis 1923 Nilleswee geheescht huet. Dat well déi ganz Lännereie ronderëm d'Strooss der Bauerefamill Nilles gehéiert huet. Réischt 1926 gouf d'Strooss dunn offiziell an d'Stroossbuerger Strooss ëmbenannt. Den Eck vun der neier Garer Avenue an der Stroossbuerger Strooss mécht en Hotel, deen 1949 vum Architekt Jean Mackel gebaut gouf. Fréier war hei de Casino de la Gare.

RTL

© Robert Philippart

Ma och den Hotel e puer Meter weider gëtt et schonn zënter 1932, wat un der Fassade am Art Déco-Stil erkenne kann.

"Am Oktober 1939 sinn 180 Polen, déi zu Lëtzebuerg gewunnt hunn, an dësem Hotel rekrutéiert ginn. Zesumme goufe se op Bréissel gefouert a vun do aus an déi franséisch Arméi integréiert, fir a Polen géint d'Besatzung vu Polen duerch den Hitler ze kämpfen. Den Hotel war awer och am ESRA-Mouvement bedeelegt. Iwwert den Hotel konnte wärend dem 2. Weltkrich eng 100 jüddesch Famillen an d'Ausland flüchten", erkläert den Historiker Robert Philippart. 
An dësem Hotel goufen awer och eng Partie lëschteg Owender verbruecht. Hei war nämlech en Danzsall, wou een déi "silberhellen Stimmen der Mädchen lauschen konnte", zitéiert den Historiker aus engem Artikel aus där Zäit.

Kuckt ee sech d'Fassadë vun den eelere Gebaier un, gëtt och mol e puer witzeg Detailer ze entdecken. Sou ass op enger Fassade zum Beispill de Wäert vum Lëtzebuerger a belschem Frang festgehale ginn.

Kleng Erënnerung un d'Lëtzebuerger Frang
Op dëser Fassade gouf de Wiesselcours vum Lëtzebuerger an dem Belsche Frang festgehalen.

Op der Stroossbuerger Plaz steet haut eng Spillplaz. Ma fréier war hei einfach en eidelen Terrain. Ëm 1910 sollt op dës Plaz dunn eng Kierch stoe kommen. De Projet ass awer net ëmgesat ginn, well spéider d'Garer Kierch um Stater Territoire gebaut gouf, déi och d'Awunner vun Hollerech besiche konnten. Dat war éiert d'Stad an d'Gemeng Hollerech fusionéiert haten.

RTL

Den Terrain gouf duerno zu enger Maartplaz amenagéiert a spéider als Parking benotzt gi bis dann 1999 d'Spillplaz gebaut gouf.

Ma un déi Zäit virun der Spillplaz kann och de Lëtzebuerger Museker Rafael Possing, besser bekannt als T the Boss, sech erënneren. Hien ass an enger Niewestrooss vun der Stroossbuerger opgewuess a verbënnt mat der Stroossbuerger Plaz besonnesch ee Geschäft, wou d'Gebai haut nach besteet: den Economat.

1951 huet de Supermarché Economat seng Dieren op der Stroossbuerger Plaz opgemaach. Iwwert 300 Metercarré krut een allméiglech Iesswueren ze kafen. Et war dat éischt Geschäft an der Géigend an där Gréisst, wou ee mat engem Caddie eragefuer ass an akaf huet, wéi mir et haut kennen. Am Joer 1999 huet d'Geschäft dunn zougemaach.

RTL

© RTL

Den T the Boss verbënnt awer och weider Erënnerunge mat der Stroossbuerger Plaz. Besonnesch d'Garer Kiermes ass bei him hänkebliwwen. Eemol d'Joer konnt een dann hei Knuppautoe fueren, am Lunapark säi Gléck versichen oder eng Klengegkeet iessen, erënnert de Lëtzebuerger Museker sech.

RTL

© RTL

Als Kand war de Rafael Possing all Dag an der Stroossbuerger Strooss ënnerwee: "Als Kand hunn ech just super Erënnerungen un de Quartier hei. Ech hat all meng Kolleegen hei, ech sinn hei an d'Schoul gaangen. D'Stëmmung war gutt."

Um Dënschdeg kënnt dann den 2. Deel vun der Serie iwwert d'Stroossbuerger Strooss. Hei begleeden d'RTL-Journalistinne Geschäftsleit, déi schonn um fréie Moie Liewen an d'Strooss bréngen.