
D’Déifferdenger Gemengenhaus sollt renovéiert ginn. Ma, elo muss et ganz erofgerappt ginn, dat wéinst enger Partie Konstruktiounsfeeler a Strukturproblemer, déi elo bei de Préparatiounsaarbechten entdeckt goufen. Ënnert anerem sinn Dallen net déck genuch, d’Qualitéit vum Bëtong ass schlecht, a verschidde Plaze raschten. An de Brandschutz ass net garantéiert.
Am Communiqué vun der Déifferdenger Gemeng heescht et awer och, datt e kompletten Neibau eng ganz Rëtsch Virdeeler hätt. Et wier eng Chance, eng méi grouss an zäitgeméiss Gemeng ze bauen. De Plus u Käschten am Verglach mat der geplangter Renovatioun läit bei ronn 1 Millioun Euro.