All Handicap ass eng Realitéit an déi Betraffe brauchen Ënnerstëtzung
Zanter 1996 gëtt et d'ASBL Schrëtt fir Schrëtt, déi hir Aarbecht um System vun der konduktiver Erzéiung baséiert.
11 Therapeuten a Pedagoge schaffe geziilt vu méindes bis freides mat 17 Kanner, Jugendlechen an deels och Erwuessenen, déi behënnert oder schwéier behënnert sinn.
Bei der konduktiver Erzéiung geet et drëm, dass ee mat Hëllef vun der Reeducatioun an enger genee cibléierter Educatioun d‘Gehier esou trainéiert kritt, dass d‘Effete vun engem sengem Handicap sou vill wéi méiglech reduzéiert kënne ginn. Wichteg dofir ass och d‘Schaffen a Gruppen. Ma dat ass awer e Prozess, deen iwwer Joren dauert, ma deen awer sech ëmsou méi géing lounen.
D‘Zil vun der ASBL ass et, déi Jonk esou wäit ze bréngen, dass si fir sech e Maximum un engem normalen an autonome Liewe kënne féieren. Virun allem déi sozial Inclusioun wier do extrem wichteg. Dofir gëtt och hei mat hinne Schreiwen a Liese geüübt, fir dass si mat hirem Ëmfeld kënne kommunizéieren.
Et wéilt een als ASBL drop opmierksam maachen, dass all Handicap eng Realitéit ass an dass et onméiglech wier, se ze heelen, ma dofir awer se sou gutt et geet ze ënnerstëtzen a maximal ze fuerderen.