Parquet freet liewenslaang Prisongsstrof fir Haaptugekloten
© Domingos Oliveira / RTL
Um Dikrecher Geriicht huet de Vertrieder vum Parquet e Freideg de Moien eng liewenslaang Prisongsstrof géint den 51 Joer alen Ugeklote gefrot.
Him gëtt reprochéiert am September 2022 eng Fra an hirem eegenen Haus ëmbruecht ze hunn, mat där hien zanter Enn 2021 eng Affär hat.
Wärend den Ermëttlungen hat den Ugeklote säin Neveu belaascht, deen e Mariage blanc mam Affer gefouert huet. Wärend dem Prozess huet sech awer erausgeschielt, dass den Ugekloten d’Affer wuel aus Jalousie mat engem Messer ëmbruecht huet, well dëst wollt mat engem anere Mann eng fest Bezéiung agoen.
Den Ugekloten an den Neveu hunn nom Doutschlag d’Läich vum Affer am Keller a Stécker geschnidden, an den Torso am franséische Mont-Saint-Martin an d’Been an de Kapp am däitschen Temmels entsuergt.
Et hätt een hei de Portrait vun engem ideale Schëllege gezeechent, mee den Dossier wier voll vun Onkloerheeten, sot dann d’Affekotin vum Ugeklote Familljepapp. Wisou hätt dëse sollen esou Jalous iwwer den neie Partner vum Affer ginn, wou d’Affer och virdru scho parallel Relatioune gehat hätt an och den Ugeklote selwer ni wëlles gehat hätt, sech scheeden ze loossen. En plus wier et den Neveu, deen an de Maroc geflücht ass, a géint deen en internationalen Haftbefeel besteet.
D’Urteel gëtt de 5. Februar 2026 gesprach.