
Ukrainesch Refugiéeë kënnen zu Lëtzebuerg ee Joer weider vun der Protection temporaire profitéieren.
Dee Mechanismus, deen no der russescher Invasioun vun der Ukrain an d’Liewe geruff gi war, gouf bis de 4. Mäerz 2027 verlängert. Dat deelt den Inneministère mat.
Wéinst der Prolongatioun mussen d’biometresch Kaarten erneiert ginn. D’Immigratiounsdirektioun vum Inneministère huet déi concernéiert Leit per Bréif kontaktéiert.
Et ass deemno hiren Appell un d’Beneficiairen, déi néideg Demarchen z’ënnerhuelen, wa si dat nach net gemaach hunn.