An Däitschland wier vill Parteipolitik am Spill gewiescht, an et wier net méi nëmmen ëm de Prinzip gaangen, mengt déi gréng Justizministesch.

Och hei am Land war jo am Januar en Debat an der Chamber, bei deem sech d'Majoritéit fir eng generell Impfflicht vu 50 Joer un an eng sektoriell Impfflicht fir Leit am Gesondheets- a Fleegesecteur ausgeschwat hat. En entspriechend Gesetz gëtt grad ausgeschafft.

Riskéiert d’Chamber d’Impfflicht wéi an Däitschland ze verwerfen?

An Däitschland wier vill Parteipolitik am Spill gewiescht, an et wier net méi nëmmen ëm de Prinzip gaangen, mengt déi gréng Justizministesch Sam Tanson. Am Bundestag wiere vill Deputéiert der Meenung gewiescht, datt een op de Wee vun enger Impfflicht soll goen, mee bei der Fro, wéi eent vun de Gesetzer soll gestëmmt ginn, ass ee sech net eens ginn.

Zu Lëtzebuerg hätt een eng aner Approche gewielt, nämlech déi, wou d’Regierung eng Propos mécht. Et wier der Regierung ni dorëms gaangen, eng Majoritéits-Oppositiounspolitik ze maachen, an et hätt een de Wonsch, sou vill Deputéierter wéi méiglech hannert sech ze hunn, egal a wéi eng Richtung et geet.

Impfflicht - Sam Tanson iwwer Parteipolitik an Däitschland

D’Justizministesch hofft, datt nach virum Hierscht iwwert d’Gesetz ofgestëmmt. Virum Vott soll den Expertegrupp d'Pandemie-Situatioun awer nach emol reevaluéieren an noutfalls kéim et zu Upassungen um Gesetzprojet.