All Transformatioun an Entwécklung soll nohalteg sinn. Do muss den Ingenieur och matdenken, wéi dat méiglech ass, dat seet den Thierry Flies e Mëttwoch de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun um Welt-Ingenieursdag. Hien ass de President vun der Associatioun vun den Ingenieuren a Wëssenschaftler hei zu Lëtzebuerg.
Déi Kënschtlech Intelligenz wier wéi bal iwwerall e grousse Sujet. Verschidde Prozesser géife méi einfach an automatiséiert ginn. Mä et géif ëmmer ee gebraucht ginn, dee plangt a kontrolléiert, ob alles d’Strooss hält.
Et gi verschidden Ingenieuren, de Bauingenieur spiert natierlech och d’Kris um Bau. Déi ëffentlech Baute géife gutt goen. Do gëtt nach ëmmer investéiert. D’Vertrauen am Logement wier awer nach ëmmer net do. “Dem Bau geet et net gutt”, sou den Thierry Flies. Wunnenge ginn awer gebraucht. Mä um Plang gëtt net méi gäre kaf an d’Investisseure feelen och. D’Vertraue misst een nees retabléieren an de ganze Marché misst sech upassen. Dat bräicht awer Zäit. Virbauen, datt de Staat méi baut, dat wären alles Pisten.
Den Ingenieur steet op der Lëscht vun der ADEM vun de Beruffer “très en pénurie”, wou also Leit feelen. 2025 ware vun de 6.000 oppene Posten eng 7% Ingenieuren, déi gesicht goufen.
De President vum Ingenieursveräin begréisst och, datt den Ingenieursstudium méi beléift gëtt, och bei de Fraen. “Wa mer d’Zukunft vu Lëtzebuerg wëlle gestalte, brauche mer Ingenieuren”, ënnersträicht den Thierry Flies.
Et soll ee Mathé a Physik scho gären hunn, fir Ingenieur wëllen ze sinn. Sozial Kompetenze wieren awer och wichteg. Teamwork ass gefrot, well “kee kann alles eleng”, sou eisen Invité. Wien um Studium interesséiert ass, soll kucken, fir Stagen ze maachen, fir ze wëssen, wat engem besser gefält. Well “e Beruff soll Spaass maachen”.
E Mëttwoch de Moie war de Beruff vum Ingenieur Theema an der Emissioun “Invité vun der Redaktioun”.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.