Et gëtt interessant fir d'Studenten, well vum nächste Schouljoer u wäerten et Erhéijunge bei der Bourse ginn. Dës Mesure kascht 10 Milliounen Euro.

Natierlech spiert een als Student och déi batter Konsequenze vun de Krisenzäiten, an deene mer sinn. No bal zwee Joer Pandemie huet een och als Student eng ganz Partie Laaschte missten droen. Elo kommen déi nächst Problemer op d'Studenten duer, seet de Minister fir Héichschoul a Fuerschung Claude Meisch. Et ass momentan jo eng akut Situatioun, dat alles méi deier ginn ass virun allem d’Energiepräisser méi deier ginn. An de Student, dee muss och säin Tank opfëllen a seng Bud hëtzen, dat spiere se haut, an dowéinst wollte mer lo net nach eng laangjäreg Diskussioun féieren iwwer d’Struktur vun de Bourssen, déi kann och dono nach eemol gefouert ginn. Mä mir wollten e Wee fannen, fir de Studenten a Studentinne schnell kënnen ze hëllefen, dat ebe spéitstens fir dat nächst akademescht Joer also ab August vun dësem Joer.De Minister fir Héichschoul a Fuerschung, de Claude Meisch, ënnersträicht, datt et noutwendeg wier, fir an dëse Krisenzäiten d’Bourssen ze erhéijen. Also mir wëlle jo an dat war ëmmer d’Zil vun eisem Boursse-System, deene ganz besonnesch hëllefen, déi vläicht vun doheem e gutt Stéck manner kréien, fir dat fir jiddereen am Land et esou ass, dat et onofhängeg vum Portmonnie vun den Elteren ass, dat ee ka studéiere goen. Dat ass fir eis als Land wichteg, fir eis Ekonomie, fir eis Gesellschaft. Mir brauchen an Zukunft méi Jonker, déi en ofgeschlossene Studium kënne virweisen, déi domat grouss Zukunftsproblemer vun der Mënschheet mat kënnen ugoen, déi eis Ekonomie kënne weider entwéckelen, eis Verwaltunge kënne weider stäerken. Dat ass eng Noutwendegkeet, wa mer eis als Land wëlle weider entwéckelen. Dowéinst musse mer dofir suergen dat jiddereen, dee ka studéiere goen, dat deen dat och ka maachen. Dowéinst sinn d'Hëllefen och deementspriechend gestaffelt, d'Bourse de base, sociale, familiale an de mobilité.

Extrait Claude Meisch

Och d’Polina Bashlay, Vertriederin vun der ACEL, huet op d’Problemer wärend der Pandemie opmierksam gemaach a begréisst, dat een elo mat der aktueller Krisenzäit frou driwwer wier, dat een esou séier en Accord mam Ministère fonnt huet. Dofir si mir lo natierlech dankbar an houfreg, datt mer konnte mam Héichschoulministère dëse Projet ufänken. Natierlech, wéi schonn ëfters betount vum Här Minister Claude Meisch, datt een dat schnell misst maachen. Ech mengen, virun annerhallwem Mount huet déi ganz Situatioun ugefaange mat den héijen Energiepräisser a mir sinn eben elo annerhallwe Mount méi spéit a mir sëtzen hei a präsentéieren Iech e Projet, dee mir innerhalb vun zwou Wochen op d’Bee gesat hunn. Fir d'Polina Bashlay war et wichteg, datt d'Studentebourse esou séier wéi méiglech un d'Krisenzäit adaptéiert gëtt. Also et ass wichteg an deem Punkt, dat mer als Studente jo keen eegent Akommes hunn, dat heescht, d’Bourse ass fir eis, also fir déi meescht Studenten, dat eenzegt Akommes, deen een all 6 Méint eng Kéier kritt. Wann dat eben net ugepasst gëtt, ass et natierlech scho schwiereg an dowéinst ass et fir eis an der ACEL och wichteg gewiescht, dat schnell iwwert d’Bün ze kréien.

Extrait Polina Bashlay

De Minister huet och matgedeelt, datt all Student, deen opgrond vu Corona en Ausfallsemester hat, en zousätzlech Semester kann ufroen, fir d'Delaien anzehalen an där ee seng Bourse ka maximal ufroen.Dëst gouf am Kader vun der Tripartite gestëmmt.

Studentebourse gëtt ugepasst / Reportage Danielle Filbig

De Communiqué vum Ministère a vun der Acel mat allen Detailer

Adaptations projetées du système des aides financières de l’État pour études supérieures (11.04.2022)

Communiqué par : ministère de l’Enseignement supérieur et de la Recherche / Association des cercles d'étudiants luxembourgeois (ACEL)

 

En date du 11 avril 2022, le ministre de l’Enseignement supérieur et de la Recherche, Claude Meisch, a présenté, lors d’une conférence de presse en présence de représentants de l’Association des cercles d’étudiants luxembourgeois (ACEL), les adaptations projetées du système des aides financières de l’État pour études supérieures.

Dans le cadre de l’accord suite aux réunions du Comité de coordination tripartite, le gouvernement avait en effet décidé de prévoir une enveloppe financière additionnelle de 10 millions d’euros à partir de l'année académique 2022/2023 pour les aides financières de l’État pour études supérieures, enveloppe financière à répartir sur la bourse de base, la bourse de mobilité et la bourse sur critères sociaux.

Les détails de ces adaptations ont été arrêtés à la suite de plusieurs échanges du ministre Claude Meisch avec l’ACEL. Les montants semestriels des différents volets de l’aide financière évolueront dès lors comme suit:



[block type="attachment" id="84511604" __caption="Bourses d\'études à partir du 1er août 2022 (Source: Ministère de l\'Enseignement supérieur et de la Recherche)"]