Medikamenter géint Hämophilie, also fir d’Bluttgerënnung, si fir Betraffener aus den Entwécklungslänner net abordabel.

D’Lëtzebuerger Associatioun vun den Hämophilen ass dofir am Gaang, un enger alternativer Solutioun matzeschaffen.

Pilotprojet Hämophilie/Reportage Raphaëlle Dickes

Zil ass et, aus Bluttplasma en Traitement fir Hämophilen an den Entwécklungslänner lokal hierzestellen. Den 1. Piltoprojet soll geschwënn am Transfusiounszenter zu Dakar am Senegal lancéiert ginn, erkläert den Dr Jean-Claude Faber, Hematolog a President vun der Lëtzebuerger Associatioun vun den Hämophilen ALH."Dee Plasma kann een net einfach esou engem Hämophilen transfundéieren. Dee muss konzentréiert ginn an duerno gëtt e Virus Inaktivéierungsverfahren applizéiert, fir datt dee Produit net och nach den Hemophilen infizéiert. Zum Beispill mam HIV-Virus oder der Hepatite C."

Haut besteet dee Risk nach an Entwécklungslänner. Hämophile kréien do einfache Plasma. Dat opbereet Plasma-Produkt, dat lo mol an enger éischter Phas zu Dakar soll hiergestallt ginn, hëlleft, datt d’Blutt besser gerënnt, eng Wonn also zougeet.

"Dat ass e relativ rüdimentaire Produit, deen awer héich effikass ass, deen och sécher ass. En änleche Produit wéi mer hei zu Lëtzebuerg an de 60er Jore benotzt hunn."

Fir dass de Pilotprojet ulafen an duerno och a villen anere Länner ëmgesat ka ginn, gëtt elo eng international Koalitioun mat der Weltgesondheetsorganisatioun an anere globalen Organisatioune gegrënnt. Laang Jore schonn setzt d’ALH sech heivir an.

“Déi Koalitioun soll Enn Abrëll signéiert ginn. Dee Pilotprojet ass komplett ausgeschafft. Deen hu mir ALH hei komplett ausgeschafft am Detail, den ass ready to go, prett fir ze starten.” 

Eng wichteg Etapp, fir den Hämophilen an den Entwécklungslänner besser Perspektiven ze ginn. Hämophilie ass zwar eng rar Krankheet, manner wéi eng Persoun op 5.000 ass betraff, an der Haaptsaach Männer. Mä ouni valabel Therapie ka schonn e Coup um Knéi fir vill Péng a Problemer suergen. Eng gréisser Wonn déidlech sinn.

Och op RTL.lu:

Temoignage: Weltdag vun der Hämophilie - Wéi lieft et sech haut als Betraffenen?