Steierlech Ureizer fir méi laang ze schaffen
© Envato Symbolbild
Fir den effektiven - an de legale Pensiounsalter méi no beieneen ze bréngen, goufen en Dënschdeg an der Finanzkommissioun zwee Ureizer presentéiert.
Béid Ureizer sollen dozou féieren, dass de Pensionéierten um Enn méi an der Täsch huet, wann e mat der Pensioun méi laang waart. D'Zil ass, dass d'Leit op fräiwëlleger Basis méi laang schaffe ginn a se dobäi steierlech begleet ginn, erkläert de Finanzminister Gilles Roth no der Sëtzung vun der Finanzkommissioun. Leit, déi 40 Joer Déngscht hunn a méi al wéi 57 Joer sinn, kéinten, wa se méi laang schaffe ginn, e Montant vu bis zu 750 Euro de Mount vun de Steier ofsetzen. Dëst kéint eng Netto-Entlaaschtung vu ronn 3.700 Euro pro Joer bedeiten. "Wat awer net onsubstantiell ass", wéi de Minister betount.
D'Oppositioun gesäit positiv, dass duerch en Incentive géing probéiert ginn, d'Leit op fräiwëlleger Basis méi laang an der Aarbecht ze halen. Et géingen awer nach eng ganz Rëtsch onbeäntwert Froe bleiwen. D'LSAP-Deputéiert Taina Bofferding, stellt sech nach eng ganz Rëtsch Froen.
"Fir eis ass et net sozial gestaffelt genuch. Dat heescht, déi Leit, déi haut net vill verdéngen, déi wäerten och an Zukunft net ganz vill dovu kënne profitéieren", ënnersträicht d'Fraktiounspresidentin. Net consideréiert ginn, géing och de Krittär vum Travail pénible. Munch Leit, déi Joerzéngte laang eng kierperlech Aarbecht haten, géingen net méi laang kënne schaffe goen. An och d'Betriber missten dobäi matmaachen. Doriwwer eraus wier net kloer, a wéi wäit déi Mesure de Pensiounssystem iwwerhaapt géing ofsécheren.
Pilier vun der privater Zousazpensioun
Eng weider Mesure, déi geholl soll ginn, ass dass de Montant vun enger privater Zousazpensioun, dee steierlech kann ofgesat ginn, ëm 1.300 Euro op 4.500 Euro eropgeet. Dat gefält der Oppositioun net. "Dat wat mech e bëssen interpelléiert bei där dote Fro ass, dass gesot gëtt, mir maachen dat, fir den 3. Pilier ze stäerken. Mee et ass awer net berechent ginn, wat et wierklech bréngt, fir deejéinegen, deen an esou eng Privatpensioun abezilt", ënnersträicht d'Sam Tanson, Deputéiert vun Déi Gréng.
De Minister mengt dozou, dat et un all Eenzele wier, dat mat senger Versécherung duerchzerechnen. Déi Persoun, déi manner verdéngt, géing prozentual och Netto méi erauskréien, rechtfäerdegt de Finanzminister d'Mesure. Dofir wier et och eng sozial gerecht Moossnam. Well de Mindestloun scho steierlech befreit wier, kriten dës Leit Suen a Form vun engem Steierkredit rembourséiert.
LSAP an Déi Gréng loosse sech vun der Mesure awer net iwwerzeegen a géinge léiwer den ëffentleche Pensiounssystem gestäerkt gesinn, fir Ongerechtegkeete méiglechst ze reduzéieren.