Felix Matthes: Staatlech Subventiounen um Bensin sinn net de richtege Wee
De renomméierte Klimaexpert aus Däitschland, de Felix Matthes, ass den Ament op Invitatioun vum Mouvement Ecologique zu Lëtzebuerg.
Wéi Europa d'Energietransitioun ka packen a wat laangfristeg Solutioune sinn, fir Energie-Versuerungssécherheet ze garantéieren, si Froen, déi den Expert vum Öko-Institut Berlin beschäftegen.
Datt elo wéi a ville Länner och zu Lëtzebuerg de Bensin vum Staat subventionéiert gëtt, fir d'Kafkraaft vun de Leit ze kompenséieren, gesäit de Felix Matthes net als de richtege Wee.
"Ech mengen dat, wat do gemaach gëtt, ze vill dem Prinzip vun der Géisskan entsprécht. Mir mussen eis ëm déi wierklech Problemberäicher këmmeren an déi sinn net beim Auto, mee déi si bei der Heizung. Do wäerten op déi méi aarm Familljen eng 7 bis 8 Mol méi staark Belaaschtung duerkommen. Mir musse Strukturen a Konzepter entwéckelen, wou mer op déi wierklech wichteg Beräicher ofzilen. Dat sinn déi méi aarm Stéit an dat ass d'Industrie, déi méiglecherweis verlagere kann. Mir brauchen also eng méi zilgeriicht Kompensatioun a manner Géisskan. An déi Subventiounen um Bensin sinn ze vill Géisskan."
Hie betount awer och, datt hie Lëtzebuerg fir d'Kompensatioun vu 7,5 Cent de Liter net wéilt schlecht rieden. An Däitschland wier et schliisslech méi schlëmm, well do de Bensin géing ëm 30 Cent an den Diesel ëm 14 Cent subventionéiert ginn.