D'Informatioune vun der Santé en Dënschdeg hunn erginn, datt an de leschten Deeg 1.034 Neiinfektioune registréiert goufen.

D'Aktualiséierung vun de Coronazuelen enthält d'Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg, Sonndeg a Méindeg, dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend an op Feierdeeg keng Zuele matdeelt.

An de leschten Deeg sinn dräi Persounen um oder mam Coronavirus gestuerwen. Aktuell läit d'Zuel vun den Doudegen a Verbindung mam Covid-19 domat bei 1.071.

Bannent de leschten dräi Deeg goufen et 1.034 positiv Fäll bei 3.872 Tester. E Méindeg goufen et 19 positiv Fäll, e Sonndeg waren et der 13. Freideg a Samschdeg waren et der 526, respektiv 479. Mat den Zuele vum Weekend a vum Feierdag zielt de Grand-Duché elo 242.194 Corona-Infektiounen zanter dem Ufank vun der Pandemie.

Den Ament si 17 Persounen hospitaliséiert, dovunner 2 Patienten op der Intensivstatioun. Am Ganze si bis ewell 473.198 Leit komplett geimpft.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,98. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert. De Positivitéitstaux louch e Méindeg bei 2,55 Prozent.