D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 1.073 bliwwen ass.

Aktuell si 14 Persounen hospitaliséiert, dovunner ee Patient op der Intensivstatioun. Am Ganze goufe bis ewell 1.281.267 Impfdosisse genotzt.

D'Reproduktiounszuel läit bei 1,28. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.