
© RTL
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 1.077 bliwwen ass.
Aktuell sinn 8 Persounen hospitaliséiert, dovunner ee Patient op der Intensivstatioun. Am Ganze goufe bis ewell 1.282.044 Impfdosisse genotzt.
D'Reproduktiounszuel läit bei 0,74. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.
Am meeschte gelies