En Interview mam Proff Michel Goedert iwwert eis gréisst Hoffnungen am Kampf géint d'Alzheimer-Krankheet.

"Wann et esou weider geet an d'Populatioun ëmmer méi al gëtt, wäerten et ëmmer méi Fäll vun Demenz an Alzheimer ginn. Dat ass net just finanziell, mee och fir d'Gesondheetsstrukture ronderëm d'Welt eng Katastroph," esou de Lëtzebuergesch-brittesche Professer Michel Goedert. Hie studéiert Alzheimer an aner neurodegenerativ Krankheeten zanter iwwer 3 Joerzéngten a gouf fir seng Aarbecht op der Cambridge Universitéit rezent mam "Hartwig Piepenbrock-DZNE-Präis" fir seng Virleefer-Aarbecht ausgezeechent. Méi ewéi 10 Millioune Mënschen an Europa hunn Alzheimer. Domat ass d'Krankheet deen heefegsten Typ vun Demenz. Alter ass deen héchste Risiko-Facteur. Eng vu 5 Persounen iwwer 80 ass betraff.

Preventioun ass d'Zukunft

Dem Leader vum MRC Laboratoire fir molekular Biologie zu Cambridge no ass déi bescht Hoffnung am Kampf géint den Iwwel d'Preventioun. „Ob een eng Demenz-Krankheet ka réckgängeg maachen, ass bis ewell net kloer. Et hänkt och dovun of, wéi vill Gehierzellen an deem Ament, wou d'Diagnos gemaach gëtt, schonn ofgestuerwe sinn. Fir d'Zukunft ass warscheinlech d'Preventioun méi wichteg. Et leeft do warscheinlech dorop eraus, datt déi Leit, déi e Risiko fir esou eng Krankheet ze entwéckelen hunn, fonnt ginn an déi therapéiert ginn."

Iwwer 95 Prozent vun neurodegenerative Krankheete sinn duerch eng grouss Zuel vu charakteristeschen Oflagerungen am Gehier definéiert. Konkret geet et ëm de Beta-Amyloid an Tau-Protein. Dës féieren zum Ofstierwe vu Gehierzellen an zum Schluss och zu de Symptomer vun de jeeweilege Krankheeten. Et ka gären emol 10 bis 20 Joer daueren tëscht dem Ursprong an enger klenger Zuel un Oflagerungen, déi Schued uriichten, an de Symptomer vun der Krankheet.

Eng nei Method, fir d'Struktur vun der Krankheet besser ze verstoen

Bis ewell kënne just Symptomer therapéiert ginn. Aktuell ginn et keng Therapien, déi op dem Mechanismus vun der Krankheet berouen. Déi lescht 5 Joer schafft de Labo vun der Molekular Biologie zu Cambridge genau dorunner.

"Dat mat enger Method, déi relativ nei ass, déi awer hei am Laboratoire vu ville Leit fir vill verschidde Saache benotzt gëtt", esou de Prof. Michel Goedert. "Dat ass déi sougenannten 'Cryogenic electron microscopy'. Déi Method huet eis gewisen, datt déi Strukture vun deene Filamenter, also Faseren, bei verschiddene Krankheete verschidde sinn. Dat war virdrun net bekannt. Wat mer elo wëlle maachen, fir déi Mechanisme besser ze verstoen, ass experimentell Systemer schafen, fir déi nämmlecht Strukturen ewéi am mënschleche Gehier In vitro oder an Déieren-Experimenter ze schafen.“

De Neurowëssenschaftler gëllt weltwäit mat sëllegen Auszeechnungen zu de grousse Virleefer a sengem Recherche-Feld. A Resultater sinn déi nächst Jore batter néideg. Demenzkrankheete sinn e grousse Problem fir all Gesondheetssystem. "Gesondheetssystemer kéinte méiglecherweis zum Schluss, ewéi hei an England, bankrott goen, wann een näischt dogéint mécht", bestätegt de Wëssenschaftlecher mat Lëtzebuerger Racinnen. "Dofir ginn et aktuell relativ vill Investissementer vun zum Beispill der Regierung a Groussbritannien, fir nei Mëttel eleng schonn op Recherche-Niveau ze fannen.“

D'Geriatrie sinn iwwerall gutt besat an d'Zuel un Alzheimer-Patiente soll sech bis 2050 nach eng Kéier verduebelen.