Vott an der Chamber ass déi nächst Woch

Wann d'Gesetz gestëmmt gëtt, da gëllt schonn Enn d'nächst Woch d'Maskeflicht just nach an de Spideeler an an den Alters- a Fleegeheemer.
De Projet de loi 8010 war en Dënschdeg de Moie Sujet an der parlamentarescher Santéskommissioun. Et ass e Gesetzprojet an der Suitte vun de Covid-Mesuren, dee virgesäit, dass d'Obligatioun vun enger Mask am ëffentlechen Transport nees ewechfält.
D'Annonce hat d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert viru Kuerzem jo schonn gemaach, an de Vott an der Chamber ass elo schonn d'nächst Woch. Rapporter vum Gesetzprojet ass den LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo. Wann d'Gesetz gestëmmt gëtt, dann gëllt schonn Enn d'nächst Woch d'Maskeflicht just nach an de Spideeler an an den Alters- a Fleegeheemer.