AgriMeteoEn dréchent Fréijoer, mat deels ze waarmen Temperaturen

RTL Lëtzebuerg
D'Temperature waren am Mäerz a Mee ze héich, am Abrëll dogéint ze niddreg. Am grousse Ganzen huet et am Fréijoer 2022 ze wéineg gereent.
© Agrimeteo

Aus meteorologescher Siicht war jo den 1. Juni de Summerufank. An deem Kader huet den nationale meteorologesche Service vum Landwirtschaftsministère de Bilan gezunn. D’Analyse vun AgriMeteo gounge vum 1. Mäerz bis den 31. Mee.

© Agrimeteo

Den Auswäertungen no huet et an de Méint Mäerz, Abrëll a Mee einfach ze wéineg gereent, an et war entweder ze waarm oder ze kal, fir dass d’Agrar-Produite sech gutt hätte kënnen entwéckelen. Beim Raps oder der Wantergeescht wier d’Produktioun awer relativ normal verlaf. D’Defiziter, déi et bei anere Käre gouf, kéinten awer nach kompenséiert ginn, wann et lo an de nächste Woche mol genuch géif reenen. An de Wéngerten hätt de wéinege Reen iwwregens derzou gefouert, dass sech och manner Krankheeten un de Riewe bilde konnten.

© Agrimeteo

PDF: Fannt hei de Bilan

Back to Top
CIM LOGO