Omikron-Ënnervariant BA.5 mécht zu Lëtzebuerg 25,4 Prozent aus

© AFP
BA.5 schéngt liicht méi ustiechend ze si wéi d'Omikron-Variant vu bis elo.
D'Omikron-Ënnervariant BA.5, déi sech ze lescht och verstäerkt a Portugal verbreet huet, huet de leschten disponibele Chiffere vun Enn Mee zu Lëtzebuerg 25,4% vun den Infektiounen ausgemaach. Dat äntwert d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert op eng parlamentaresch Fro vun der CSV.
Dës Subvariant wier och warscheinlech responsabel fir déi liicht Hausse vun de Covid-Fäll déi lescht Deeg. BA.5 schéngt liicht méi ustiechend ze si wéi d'Omikron-Variant vu bis elo. Et géif den Ament awer duerno ausginn, wéi wa se awer net méi krank géif maachen, sou d'Santésministesch. Éischt Publikatioune géifen donieft drop hindeiten, datt de Covid-Vaccin manner effikass wier bei den Omikron-Varianten BA.4 a BA.5. Och Leit, déi scho geimpft sinn oder de Virus schonn haten, riskéieren also éischter sech unzestiechen. Wéi d'Regierung sech op den Hierscht preparéiert, gëtt een an den Ausféierunge vun der LSAP-Ministesch net gewuer. Et heescht just d'Preparatioune géife lafen an den Domänen, déi an der Lutte géint d'Pandemie wichteg sinn, dat heescht Testen, Traitementer, Contacttracing, Isolement, Hygiènesmesuren an Impfungen.