D'CSV huet um Nationalkongress hiren neie Logo presentéiert
Ënnert dem Slogan "Eppes Neies entsteet" huet d'CSV e Samschdeg hiren Nationalkongress ofgehalen.
Iwwer 230 Parteidelegéierter waren am Forum Geesseknäppchen dobäi, wou et virun allem ëm d'Zukunftsbild vun der Partei goung.
No den interne Streidereie vun zejoert ronderëm den deemolege Parteipresident Frank Engel wëll d'CSV no vir kucken. An deem Kader goufen den neie Logo an Design presentéiert.

© Danielle Goergen
Den neie Logo an d'Affiche sollen d'Villsäitegkeet vun der Partei besser rëmspigelen. An Zukunft wéilt ee sech iwwerhaapt no baussen hi méi professionell an dynamesch presentéieren. Déi nei Ausriichtung gouf déi lescht Méint intern an Aarbechtsgruppen ausgeschafft. Dobäi goufen eng Rei Stéchwierder a Wäerter zeréckbehalen, esou de Parteipresident Claude Wiseler. D'CSV wier eng Vollekspartei. Dat wier Politik fir déi ganz Gesellschaft. Als Vollekspartei vun der Mëtt wier ee kengem Milieu verflicht, mee no un de Suerge vun alleguerten de Bierger. D'Wäerter solle konsequent sinn, erkläert nach de Parteipresident.
Als Gaaschtriedner war dann de President vun der ASBL L-Ukraine invitéiert, deen der CSV hir kloer Positioun begréisst huet. D’Ukrain géif fir europäesch Wäerter kämpfen. Dofir hätt een der Regierung hir Efforten och vun Ufank un ënnerstëtzt, esou de Claude Wiseler.
Och d’Wuert Chancëgläichheet ass dacks am Kongress gefall. Sief dëst um Wunnmarché, am Kontext vun der Präisdeierecht oder dem Index. De Fraktiounspresident Gilles Roth huet dorunner ugeknäppt an eng Rei konkret Punkten ënnert anerem an der Steierpolitik proposéiert. Den Agangsmontant ab deem jiddweree Steiere bezilt, misst an d'Luucht gesat ginn. D'Steiertranche misste méi breet gemaach ginn an et dierft och keen Tabu méi sinn, datt och fir d'Spëtzeverdénger ee Steiersaz dobäi kënnt.
D'CSV wier nach ëmmer déi stäerkste Partei an de Gemengen. Doropper wéilt ee weider opbauen. Dofir gouf och eng proposéiert Statutenännerung fir oppe Kandidatelëschten majoritär am Kongress ugeholl. Déi erlaabt fir Sympathisanten fir d'Walen opzesetzen, déi kenger Partei zougehéieren, erkläert d'Generalsekretärin Stéphanie Weydert. Esou kéinten och déi Leit, déi kenger Partei wëllen ugehéieren an der lokaler Politik aktiv sinn.
Am Dezember ass de Stéchdatum, fir d'Lëschten en vue vum Superwaljoer 2023 fäerdeg ze hunn. Bis dohi soll deen neie Look och iwwerall ze gesi sinn. Den 11. Mäerz nächst Joer ass dann de Startschoss fir d'Walen. Da presentéiert d'CSV hir Campagne.