Kënnt eng Corona-Impfflicht am Hierscht oder net?
Aktuell waarden déi zoustänneg Ministeren nach ëmmer op den Avis vum Experte-Grupp, dee bis ewell nach net ganz fäerdeg ass an esou och net virläit.
Et wäert sech net méi ëm Wochen handelen, bis den Avis vum Experte-Grupp virläit, dat sot de Virolog an Immunolog Professer Claude Muller als Invité um Radio. Hien ass jo ee vun de Membere vum Experte-Grupp, deen d'Regierung beoptraagt huet, fir en Avis auszeschaffen, an dee léist op sech waarden. Dat an Zäiten, wou d'Covid-Situatioun sech zwar berouegt huet, awer nei Varianten am Ausland weisen, datt een nach net op der gewonnener Säit ass.
Voll Terrassen, just nach vereenzelt Leit mat Masken, geschwë keng Maskeflicht méi am ëffentlechen Transport. Corona schéngt scho bal vergiess, och wann een d'Leit dobausse freet.
"Ech si frou, keng Mask méi missen unzehunn, pourvu que ça dure, mir halen d'Daumen." "Ech hoffen, dass et net méi sou schlëmm gëtt an ech mengen, et kann een dat och net duerch Masken, ausser am ëffentlechen Transport, wou een no openeen ass, verhënnere kann." "Villäicht klammen d'Chifferen erëm e bësschen awer net méi sou schlëmm, wéi d'lescht Joer." "Ech sinn erliichtert, besonnesch elo, wou et méi waarm ass, kritt ee besser Loft ouni Mask."
Och a Portugal hunn e Sonndeg den Owend nees dausende vu Leit an de Stroosse vu Lissabon d'Fest vum hellegen Antonius gefeiert. Och wann déi nei Omikron Subvariant BA.5 do an der Lescht fir héich Infektiounszuele mat och vill Stierffäll gesuergt hat. Zu Lëtzebuerg, wou dës Variant bis ewell eng 25 Prozent vun de Fäll ausmécht, mécht ee sech de Moment keng Suergen, seet d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert. "Et gëtt den Ament kee Grond, beonrouegt ze sinn. Déi Varianten, déi zirkuléieren, maachen den Ament net méi krank, wéi dat déi Méint virdrun de Fall war. Et bléift natierlech nach ëmmer ee Risiko, mä mat deem Taux de vaccination, dee mer hunn, maache mer eis de Moment elo keng Suergen, dass et vun haut op muer nees an de Spideeler géif uklammen."
Allerdéngs misst ee fir den Hierscht op nei Variant preparéiert sinn, esou d'Gesondheetsministesch. "Dass mer prett sinn, dass mer opgestallt sinn, fir méi ze testen, nees méi impfen mat neien Impfstoffer, wa se do sinn oder ze boosten, wann dat generell géif recommandéiert ginn. Alles dat leeft am Hannerfeld". D'Ministesch verstoppt awer net, dass d'Regierung lo schonn zanter Wochen op den Avis vum Expertegrupp waart a punkto Impfflicht.
Et wäert sech net méi em Wochen handelen, seet de Professer Muller, ee vun de Membere vum Grupp. Wou d'Kromm an der Heck läit, wollt de Virolog e Méindeg de Moien um Radio awer net sou kloer soen. "Mir schwätzen hei zum Beispill driwwer, a wéi wäit schützt d'Impfung virun der Infektioun, géint déi schwéier Verleef mat Hospitalisatiounen, wat fir eng Medikamenter hu mer, wat fir eng aner Méiglechkeeten do sinn, a wann een dat alles géinteneen ofweit, ass dat net sou evident"
"Ech héieren ëmmer erëm, dass et imminent ass, dass en all Moment misst kommen. Mir wäerten eisersäits an der Regierung op all Fall e Mëttwoch Decisiounen huelen, iwwer weider Mesuren, well eis d'Zäit fortleeft am Hibléck op d'Lafdauer vun deem ale Gesetz", seet dozou d'Ministesch.
Zum Beispill wat de Prisong ugeet, wäerte weider Lockerunge kommen. Am Januar haten d'Experte jo zu enger sektorieller Impfflicht, fir Leit aus dem Gesondheetswiesen a fir Leit iwwer 50 geroden. Et kann ee lo gespaant sinn, wat an hirem Avis steet, deen dann deemnächst misst virleien. Op den Terrasse gëtt sech den Ament wuel net sou vill Gedanken iwwer eng Impfflicht gemaach.