Gréisser ProblematikVu klengen, groussen a freche Stater Kueben

Monique Kater
Kuebe kënnen, wa se a Kolonien optrieden, dem Mënsch ferm op d’Strëmp goen.
Vu klengen, groussen a freche Stater Kueben
Kuebe kënnen, wa se a Kolonien optrieden, dem Mënsch ferm op d’Strëmp goen.

D’Kuebe sinn nämlech ganz gescheit – si bréngen et zum Beispill fäerdeg, Gesiichter erëmzëerkennen. Deemno hunn net nëmmen d’Baueren d’Flemm mat hinnen, mee och d’Leit, déi an de Stied wunnen. An der Haaptstad ass ee bis viru kuerzem méi radikal géint dat schwaarzt Fiedervéi aktiv ginn. Dat ass elo eriwwer a virun engem Superwaljoer wëssen Ëmweltministère a Gemengenautoritéiten, dass et besser ass, eng gemeinsam Léisung ze fannen.

E Kueb géint en Uhu, eng grande Gueule géint e grousse Vull, deen dee schwaarzen, wann e wëll, rucki-zucki gebufft huet. D’Kuebe gehéieren zur Stad ewéi d’Dauwen, wochelaang héiert a gesäit ee vun deene schwaarze Gesellen näischt, mee wa se dann do sinn, iwwersäit an iwwerhéiert kee se. Wéi e Quartier si emmerdéieren, ass hinnen do egal.

D’Märeler loosse sech esou eppes net gär gefalen. En Trottoir um Boulevard Cahen gëtt, mee bleift trotz ronn 100 Kueben-Näschter, net knaschteg; d’Gemeng botzt. Anerer wiere sech, ugangs mat Vulleschäichen, elo méi subtil, mat engem Fake-Uhu. Fir eng vun de Léisunge vun der Stad “en combine” mam Kierze vun de Kueben-Liblingsbeem, de Platanen, gëllt ewell awer e staatleche Veto.

All wëlle Vull, all Kueb, all Nascht ass nämlech duerch d’EU an eist Naturschutzgesetz geschützt. D’Stad hätt net déi néideg Kompetenzen, esou e Kueben-Plang eleng ze maachen. E Cahier de Charge an eng Ausschreiwung suerge fir déi néideg Ënnerstëtzung. Heescht: et dierf nëmme méi op eenzele Plaze géint d’Kuebe geschafft ginn.

Back to Top
CIM LOGO