Um Weltdag vun de Refugiéen gëtt et en trauregen Héichpunkt. De leschte Mount ware méi wéi 100 Millioune Mënsche weltwäit op der Flucht.

Weltdag vun de Refugiéen

E Méindeg um Weltdag vun de Refugiéë setzt de Lëtzebuerger Flüchtlingsrot, an deem divers Associatioune vertruede sinn, de Sujet Integratioun an de Fokus. Et misst vill méi frei ugefaange ginn, Refugiéen, déi eng Asyldemande stellen, an den Aarbechtsmarché ze integréieren, betount de Sergio Ferreira vun der ASTI. Dat dierft net eréischt da geschéien, wa si de Statut vum Refugié hunn. An och d'Unerkennung vun den Diplomer vu Refugiéë misst an Zukunft vereinfacht ginn, heescht et.

Kritiséiert gouf e Méindeg de Moien op der Pressekonferenz da weider, datt bei der Zesummeféierung vu Familljen Upassunge misste gemaach ginn. Dëst besonnesch, wann et ëm Mineure geet, déi ouni hir Elteren an d'Land komm sinn. E weidere wichtegen Integratiounsfacteur wier dann de Logement. Hei misst driwwer nogeduecht ginn, wéi d'Refugiéen, déi de Statut hunn, besser begleet kënne ginn, ënnersträicht de Frank Wies vun Amnesty International Lëtzebuerg.