Déi Lénk verlaange méi en héije Mindestloun
Et dierft net sinn, dass Leit schaffe ginn an awer net dezent dovunner liewe kënnen. Doranner ware sech d’Deputéiert an der Chamber eens.
Op EU-Niveau gëtt un enger Mindestloun-Direktiv geschafft. D'Zil ass et net, fir en eenheetleche Mindestloun anzeféieren. Ma an alle Memberlänner soll en nationale Minimal-Salaire all 2 Joer aktualiséiert ginn. 80% vun den Aarbechtskontrakter sollen iwwerdeems ënnert e Kollektivvertrag falen. E Mëttwoch haten „Déi Lénk" an der Chamber eng Aktualitéitsstonn dozou ugefrot. D'Sensibilitéit verlaangt eng Hausse vum Lëtzebuerger Mindestloun.
Anstänneg bezuelt ass eng Aarbecht, wa se 50% vum Duerchschnëttsloun a 60% vum Median-Loun ausmécht, seet d'Bréisseler Direktiv. Dat wier zu Lëtzebuerg net de Fall, sou d'Deputéiert Myriam Cecchetti vun „Déi Lénk": Wéilt een de Mindestloun op 60% vum Median-Loun upassen, da misst en ëm gutt 150% eropgesat ginn. Wéilt een de Mindestloun op 50% vum Duerchschnëttsloun upassen, da wieren et 350€. Mir géifen eis fir den zweete Montant staark maachen.
Mir gehéieren zwar net zu de schlechte Schüler, mä et bleift effektiv nach Loft no uewen, seet den Aarbechtsminister Georges Engel. Hie wëll zwar onbedéngt méi Kollektivverträg zu Lëtzebuerg. Op d'Fuerderung vun enger Mindestloun-Erhéijung ass den LSAP-Minieter awer net wierklech agaangen. Säi Virgänger an aktuellen Deputéierten Dan Kersch sot awer um Riednerpult, d'Sozialiste wieren op deem Punkt dialogbereet: Eng weider strukturell Erhéijung bleift aktuell. Och wann et an der aktueller Legislaturperiod vläicht net méiglech ass, hunn awer alleguer d'Parteien d'Méiglechkeet, an de Parteiprogrammer ze weisen, wéi eescht si et mat de Mindestloun-Empfänger mengen. Bei der LSAP hunn ech do keng Bedenken.
Firmen, déi de Courage hunn, e Kollektivverträg ze maachen, kéinte steierlech bevirdeelegt ginn, sou nach den Dan Kersch. Och d'Attraktivitéit vum Standuert Lëtzebuerg an d'Mindestléin an eisen Nopeschlänner koumen zur Sprooch. Ënner anerem huet den CSV-Mann Marc Spautz doropper opmierksam gemaach: Mir spiere lo schonn déi däitsch Mindestloun-Erhéijung. Doduerch gëtt Lëtzebuerg manner attraktiv als Standuert.
Och zum Beispill d'Pirate maachen sech änlech Gedanken. Effektiv misst een déi Evolutioun am A behalen an eventuell iergendwa reagéieren, sou de Georges Engel.