
Nämlech Toilettë fir Meedercher, fir Jongen, an genderneutral Toiletten op déi also jidderee goe kann, esou d’Erklärung, déi den Educatiounsministère Claude Meisch och schonns leschte Méindeg bei eis op der Antenn ginn hat.
Enn Januar war eng gréisser Polemik entstanen, wéi den Educatiounsministère de Pilotprojet an der zoustänneger Chamberkommissioun presentéiert huet. Aus der Presentatioun war nämlech net kloer ervirgaangen, ob et an Zukunft just nach Unisex-Toiletten an neie Lycéesgebaier sollt ginn, oder ob et sech heibäi ëm eng zousätzlech Offer zu den Toilette fir Meedercher a Jonge géing handelen. Och de Koalitiounspartner hat sech iwwerrascht gewisen iwwer d’Annonce a sech oppe géint reng Unisex-Toiletten ausgeschwat.
D’Unisex-Toiletten an de Lycéeë sinn dann och e Mëttwoch de Moien um 8 Sujet an eiser Emissoun “Dir hutt d’Wuert”. Den Educatiounsminister Claude Meisch wäert hei eisen Invité sinn.