Versichten Iwwerfall op Stater Fast-Food-RestaurantOnéierleche menacéiert ee vum Personal mat enger Sprëtz

RTL Lëtzebuerg
Zu engem méi ongewéinlechen Iwwerfall-Versuch koum et e Sonndeg de Moien um 11 Auer bei der Stater Gare.
© Envato / monkeybusiness

Wéi d’Police schreift, gouf e Sonndeg ee versichten Iwwerfall op e Fast-Food-Restaurant an der Avenue de la Gare an der Stad gemellt. Een Onbekannte war géintiwwer engem Member vum Personal handgräiflech ginn an huet deem dunn och nach eng eng Sprëtz virun d’Nues gehalen, wéi dee refuséiert hat, d’Suen eraus ze ginn. De Mann schéngt sech dono ewech gemaach ze hunn. Wéi d’Police nämlech präziséiert, hätt eng Patrull den Onbekannte spéider gestallt. Hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum schonn e Méindeg virun den Untersuchungsriichter.

Nieft dësem Virfall, gouf et dee selwechte Moien nach en Iwwerfall an der Rue de la Fonderie, och am Garer Quartier. Hei hat ee Brigang enger Persoun den Handy geklaut a war handgräiflech ginn. Am Kader vun enger Täterbeschreiwung konnt de Verdächtege gestallt ginn. Och hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl an hat Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO