Wéi de Statec en Donneschdeg matdeelt, goufen am Grand-Duché am Joer 2021 ronn 4.489 Doudesfäll registréiert.

Am Verglach zum éischte Joer vun der Pandemie, an deem et zu Lëtzebuerg insgesamt 4.609 Doudeger an domat eng Surmortalitéit vu 7,6 Prozent par Rapport zum Joer virdru gouf, war et am Joer 2021 eng Diminutioun ëm 120 Doudesfäll (-2,6 Prozent) zum Virjoer. Bei der Statistik misst een awer och a Betruecht zéien, datt d'Populatioun am Joer 2021 ëm 1,7 Prozent geklommen ass. D'Liewenserwaardung wier duerch d'Pandemie net entscheedend affektéiert ginn. Si louch am vergaangene Joer bei 84,8 Joer fir d'Fraen a bei 80,3 Joer fir d'Männer. Wéi déi national Statisticagence schreift, wier dëst virun allem doduerch ze erklären, datt de Coronavirus virun allem déi nach méi eeler Leit betraff huet.

Am Verglach zu aneren europäesche Länner wier d'Iwwerstierflechkeet zu Lëtzebuerg nach relativ niddereg gewiescht. Spuenien hat an der éischter Phas vun der Pandemie zum Beispill eng Surmortalitéit vun 80,8 Prozent registréiert, an der Belsch waren et 73,1 Prozent. Et kéint een Hypothees opstellen, datt d'Iwwerstierflechkeet an de Joren 2020 an 2021 ouni déi verschidde Corona-Mesuren zu Lëtzebuerg nach emol e gudde Krack méi héich gewiescht wier, esou de Statec.

Am Joer 2021 sinn iwwerdeems och prozentual e bësse manner Leit a Verbindung mam Coronavirus gestuerwen, wéi nach dat Joer virdrun. Stoungen am éischte Joer vun der Pandemie nach ronn 11 Prozent vun den Doudesfäll am Zesummenhang mam Coronavirus, waren et am Joer 2021 nach 9 Prozent vun allen Doudesfäll.