D'Organisatioun "Eis Stad" kritt vun der CAD, der "Commission d'Accès aux Documents", Recht an dofir muss d'Stater Gemeng elo Dokumenter fräiginn.

Dës Dokumenter wollt d'Stad awer u sech net oppe leeën. Hannergrond ass eng Online-Ëmfro am Kader vum Projet "Eise Mobilitéitsplang fir Muer".

D'Organisatioun "Eis Stad" wollt do d'Äntwerte vun de Leit gesinn op d'Fro "Kënnt Dir Iech virstellen, an Zukunft deelweis op Faarten mat ärem Auto ze verzichten?".

D'Stater Gemeng hat dat refuséiert an doropshi gouf d'CAD ageschalt - an déi huet elo reagéiert.

Dobäi ass et scho fir zweete Kéier dëst Joer, dass d'Commission d'Accès aux Documents der Stad op d'Fanger klappt.

Och den Zentrum fir urban Gerechtegkeet (ZUG) hat Dokumenter iwwer presuméiert illegal Zebrasträifen uechter d'Haaptstad gefrot.

Dat ass bis ewell awer nach ëmmer net geschitt. Dofir sammelt den ZUG den Ament Suen, fir kënnen eng Plainte géint d'Stater Gemeng ze maachen.