Lescht Etapp a FrankräichZu Metz stellt de Poopst Fridden an d'Zukunft vun Europa an de Mëttelpunkt

Ryck Thill
Mat engem Appell fir Fridden, Dialog an e gëeent Europa huet de Poopst Leo XIV. e Méindeg seng Frankräichrees zu Metz ofgeschloss. De franséische President Emmanuel Macron an eng Rei politesch Vertrieder aus den Nopeschlänner waren dobäi. Metz war no Paräis a Lourdes déi drëtt a lescht Etapp vun der véier Deeg laanger apostolescher Rees vum Leo XIV. a Frankräich.
Déi komplett Priedegt vum Poopst.
Am Replay

Den éischte grousse Rendez-vous um Programm war en interreliéist Treffen am Centre des Congrès Robert Schuman. Vertrieder vum Chrëschtentum, Juddentum, Islam a Buddhismus hu sech hei getraff.

Zesummen hu si den "Appell vu Metz" ugeholl, eng Erklärung fir den Dialog tëscht de Reliounen a fir de Fridden. De Leo XIV. huet a senger Ried virun allem gewarnt, Relioun als Begrënnung fir Gewalt oder Ënnerdréckung ze mëssbrauchen. "Den Numm vu Gott ze gebrauchen, fir Gewalt oder Ënnerdréckung ze legitiméieren, ass eng Enthellegung vun dësem Numm", sot de Poopst.

Dass d'Treffen ausgerechent am Centre des Congrès Robert Schuman organiséiert gouf, war bewosst a symbolesch. De Robert Schuman, deen zu Lëtzebuerg gebuer gouf, gëllt als ee vun de Pappe vun der europäescher Eenegung. De Leo XIV. huet hien als Mann vum Glawen a vu senge politeschen Iwwerzeegunge gewierdegt. Hien huet et fäerdegbruecht, Europa nees Hoffnung ze ginn.

Kuerz drop stoung Europa ganz am Mëttelpunkt. De franséische President Emmanuel Macron hat politesch Vertrieder aus Europa op Metz invitéiert. Dobäi waren ënner anerem de Grand-Duc Guillaume an de Premier Luc Frieden, de fréieren EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker. Och de Fürst Albert II. an d'Fürstin Charlène vu Monaco an déi saarlännesch Ministerpresidentin Anke Rehlinger waren ugereest. Eng ganz Rëtsch vun den invitéierten europäesche Staats- a Regierungscheffe waren allerdéngs net op Metz komm.

Ried vum franséische President Emmanuel Macron
Efforte fir de Fridden an d'Fräiheet verlangen Handelen

De Macron huet d'Geleeënheet fir e Plädoyer fir e staarkt a gëeent Europa genotzt. "Hei zu Metz schléit dat dausend Joer aalt Häerz vun Europa", sot de franséische President. Hie beschreift en Europa, "dat schützt, vereent an handelt" an dat vum Projet vu Fridden a Wuelstand gedroe gëtt.

Och de Leo XIV. huet a senger Ried iwwer Europa op de Robert Schuman zeréckgegraff. D'Wierder aus der Schuman-Deklaratioun vun 1950 wieren haut nees aktuell, sot de Poopst. De Krich wier nees zréck an Europa.

Ouni Russland oder d'Ukrain ausdrécklech ze nennen, huet de Leo XIV. méi Courage bei Verhandlungen a Bereetschaft zu Kompromësser gefuerdert.

"Haut ass de Krich leider nees opgedaucht, esouguer an Europa: en neit onnëtzt Massaker, dat all Dag eng Onmass zivil Affer fuerdert", sot de Poopst. Et wier néideg, sech op e gedëllegen Dialog anzeloossen, Courage bei Verhandlungen ze weisen a bereet ze sinn, "bestëmmte Positioune fir dat méi héicht Ziel vum Fridden opzeginn".

No de Riede koum et nach zu engem Treffen an engem méi klenge politesche Krees. De Leo XIV. souz dobäi ënner anerem mam Emmanuel a Brigitte Macron, dem Grand-Duc Guillaume, dem Luc Frieden, dem Jean-Claude Juncker, dem Albert an der Charlène vu Monaco an der Anke Rehlinger un engem Dësch.

Am Nomëtteg stoung dunn dee Moment um Programm, op dee vill Leit zu Metz gewaart haten. De Leo XIV. ass nach eng Kéier a säi Papamobil geklommen. Duerch d'Stroosse vu Metz goung et a Richtung Kathedral Saint-Étienne.

Schonn zanter de fréie Moiesstonnen hate sech do Gleeweger déi beschte Plaze geséchert. Verschiddener hunn zanter hallwer aacht gewaart. Den Undrang zu Metz war awer méi kleng wéi déi Deeg virdrun zu Paräis a zu Lourdes.

Dem Vatikan no hate vu Freideg bis e Sonndeg insgesamt méi wéi 1,3 Millioune Mënschen de Poopst bei de verschiddenen Etappe vu senger Rees gesinn. D'Visitt zu Metz war an där Zuel nach net mat abegraff.

Dem Poopst Leo XIV. seng Visitt zu Metz konnt Dir e Méindeg an eisem Liveticker suivéieren. Fannt dësen hei:

Back to Top
CIM LOGO