Punkteverloscht an Oferkennung vun Titele méiglechManchester City soll an 114 Fäll ronderëm Finanz-Verstéiss schëlleg gesprach gi sinn

RTL mat AFP
De Prozess géint Manchester City geet an déi entscheedend Phas.
De Khaldoon Al Mubarak, President vu Manchester City.
De Khaldoon Al Mubarak, President vu Manchester City.
© NEWS IMAGES/NurPhoto via AFP

E Méindeg ass d'Auditioun géint Manchester City ugaangen. De Veräin, deen zanter 2012 aacht Mol englesche Champion war, muss sech wéinst 115 Virwërf veräntwerten. Ma wourëms geet et genee a wat kéinten d'Konsequenze sinn?

115 Virwërf aus de Joren 2009 bis 2023

Zënter Jore steet Manchester City wéinst méigleche Verstéiss géint d'Finanzreegele vun der Premier League am Fokus. De Veräi soll tëscht 2009 an 2023 géint insgesamt 115 Reegelen oder Bestëmmunge verstouss hunn.

E Freideg haten englesch Medie gemellt, eng onofhängeg Kommissioun hätt Manchester City an 114 vun den 115 Fäll schëlleg gesprach. Eng offiziell Confirmatioun vun der Premier League gëtt et bis elo awer net.

"D'Verfaren huet nach e laange Wee viru sech"

Manchester City weist d'Reproche weiderhin zeréck. De President vum Veräin, de Khaldoon Al Mubarak, betount, datt de Club dovun iwwerzeegt ass, seng Onschold beweisen ze kënnen.

"D'Verfare vun der Premier League huet nach e laange Wee viru sech, an eis Zouversiicht d'Onschold vum Veräin ze beweisen, ass genee esou grouss wéi um Ufank", sou den Al Mubarak.

Wéinst der lafender Enquête kéint de Veräin aktuell net all d'Detailer zu senger Positioun ëffentlech maachen.

Wat gëtt Manchester City virgeworf?

D'Premier League beschëllegt Manchester City, iwwer Joren net déi néideg oder korrekt finanziell Informatiounen zur Verfügung gestallt ze hunn. 68 vun den 115 Virwërf sollen eleng d'Finanzinformatiounen an d'Donnéeën iwwer d'Salairë vu Spiller a Manager betreffen.

Dobäi kommen ënner anerem fënnef méiglech Verstéiss géint UEFA-Reegelen tëscht 2013 an 2018, dorënner d'Financial-Fair-Play-Bestëmmungen, souwéi siwe méiglech Verstéiss géint d'Finanzreegele vun der Premier League.

35 weider Virwërf bezéie sech op déi feelend Kooperatioun vum Veräi mat den Ermëttlunge vun der Liga.

Et ass net déi éischte Kéier, datt Manchester City wéinst Financial Fair Play am Mëttelpunkt steet. 2020 hat d'UEFA de Veräi fir zwee Joer vun der Champions League ausgeschloss. De Virworf war deemools ënner anerem, datt ManCity tëscht 2012 an 2016 en ze héicht Sponsoringakommes deklaréiert hätt.

D'Auditioun an d'Konsequenzen

D'Auditioun gëtt vun enger onofhängeger Kommissioun mat dräi Membere gefouert. D'Identitéit vun de Membere gëtt net ëffentlech gemaach. Op d'mannst ee Member muss en Expert oder eng Expertin am Beräich Finanze sinn.

Manchester City gëtt juristesch ënner anerem vum bekannte britteschen Affekot David Pannick vertrueden. D'Verhandlunge fannen hannert zouenen Dieren zu London statt.

Sollten d'Virwërf confirméiert ginn, huet d'Premier League verschidde Méiglechkeete fir Sanktiounen, zum Beispill Geldstrofen oder e Punkteverloscht. D'Reegele loossen och nach méi wäitreechend Sanktiounen zou: Sou kéint theoretesch esouguer eng nohalteg Oferkennung vu fréieren Titelen a Fro kommen.

Wéi eng Sanktiounen, wann iwwerhaapt, um Enn verhaange ginn, ass awer nach net gewosst.

Back to Top
CIM LOGO