Baustopp um Chantier vun Energie-ZentralD'Gemeng huet zu Iechternach gebaut, ouni all d'Geneemegungen ze hunn

Monique Kater
Zu Iechternach suergt den Ament e Baustopp vum "Campus Gare" fir gréisser Opreegung.

E Freideg huet d’Naturverwaltung de Chantier vun der neier Energie-Zentral fir de “Campus Gare” zougemaach. 3 Beem waren ouni Geneemegung ëmgehae ginn.

Baustopp Iechternach
Et ass ee Baustopp op engem ëffentleche Chantier

De Baustopp bezitt sech also op d’Naturschutzgesetz. Zanter e Freideg hänkt dann och eng offiziell Nott um Chantier vum Chauffage urbain aus.

Et huet sech elo erausgestallt, dass d’Waasserwirtschaftsamt keng Demande virleien huet, fir de Bau vum Chauffage urbain. Also hat de Bauhär och kee Feu vert, wéi e Mëtt Juni mam Opriichten ugefaangen huet. D’Attestatioun ass och eréischt op den 1. Juli datéiert.

D’Gemeng ass jo am Gaangen, de Quartier ronderëm déi fréier Bus-Gare ze reamenagéieren: niewent Schoul a Sportshal mat Piscine an engem ëffentleche Parking, entsteet, laanscht d’Sauer, e Chauffage urbain, eng Installatioun,déi mat Hackschnitz aus Iechternacher Bëscher funktionéiert. Kléngt a priori gutt – wann de Bauhär – an dat ass de Schäfferot, respektiv de Buergermeeschter - sech net och nach selwer de Feu vert ginn hätt, fir mat de Bauaarbechten unzefänken.

Op d’Fro vum Carole Zeimetz, Gréng Conseillère, am Iechternacher Gemengerot vum 18. Juli dëst Joer, wat et da mat den Autorisatiounen op sech hätt, huet de Buergermeeschter gemengt, et wier alles an der Rei.

Zanter e Freideg gëtt et awer e Baustopp. An dat wéinst 3 Beem, déi ouni Autorisatioun gekäppt goufen.

Nach méi uerg ass awer de Fait, dass beim Waasserwirtschaftsamt ni eng Demande gemaach ginn ass, fir de Bau vu speziell der Energie-Zentral geneemegt ze kréien… an dat an engem Risiko-Gebitt fir Héichwaasser. Do ginn d’Pläng wichteg Indikatiounen, an där krut d’Waasserwirtschaftsamt keng eragereecht.

De Baustopp goung elo also iwwer d’Naturschutzgesetz. Virdru war am Konsens tëscht Gemeng a Waasserverwaltung decidéiert ginn, d’Aarbechten emol ze stoppen, bis alles gekläert wier. Fakt ass och, dass ni Pläng vum Gebai, der Zentral also, agereecht goufen, obschonns eng Rei Mauere schonn do stinn. Den ale PAG ass nach en Vigueur, eng Gréngzon an hir Oplagen wieren hei awer keen Thema.

De Maître Georges Krieger iwwert d’Aart a Weis wéi d’Geneemegungen traitéiert ginn:

EXTRAIT GEORGES KRIEGER

D’Carole Hartmann, DP-Conseillère zu Iechternach:

Extrait Carole Hartmann, DP Conseillère zu Iechternach

Back to Top
CIM LOGO