Et kënnege sech a Saachen Indextranchen intressant Diskussiounen un. Déi grouss Fro ass: "an elo?"

D'Inflatioun louch am Juli op ee Joer gekuckt bei 6,8%, de Statec rechent mat 6,6% fir dëst Joer. Fir d'nächst Joer soll d'Inflatioun iwwerdeems mat 5,3% och däitlech méi héich leien, ewéi déi 2,8%, vun deenen de Statec am Mee nach ausgaange war.

Déi aktuell héich Inflatioun ass virun allem op d'Hausse vun de Spritpräisser zeréckzeféieren, als direkt Konsequenz vun der Hausse vun der Demande no Covid an dem Krich an der Ukrain, deen och méi laang dauert, ewéi een Ufanks vum Joer nach gemengt hat.

D'Ausbezuele vun der rezenter Tranche gouf op Abrëll reportéiert.

D'Regierung waart elo op nei Chifferen am September, dono dierft et eng weider Tripartite ginn, well wuel am Hierscht eng weider Indextranche theoretesch fälleg gëtt an e puer Méint drop nach eng.

Vum Konsumenteschutz ass et am Virfeld vun der nächster Index-Tripartite d'Fuerderung, dass et muss ophale mam Verloscht vun der Kafkraaft.

Wann, wéi virausgesot, eng weider Indextranche fälleg gëtt, misst déi och am Abrëll 2023 ausbezuelt ginn.
Et soll endlech eppes fir d'Leit Heiheem gemaach ginn. 25% vun de Menage géifen ënner oder no un der Aarmutsgrenz liewen. Déi sougenannte Mëttelschicht hätt ewell och Problemer d'Enner beieneen ze kréien.

Reaktioun Gewerkschaften

Fir den LCGB ginn et zwou Prioritéiten, esou de Gewerkschaftspresident Patrick Dury:

"Déi nächst Tripartite muss nees zwou Prioritéiten hunn: Ofsécheren vu Kafkraaft a vun Aarbechtsplazen. Dës si komplementar. Mir wëllen net, datt duerch e Krich eng Sozialkris entsteet, datt nieft der Inflatioun och nach Existenzen a Gefor sinn, well d'Leit hir Aarbecht verléieren."

Fir d'Presidentin vum OGBL Nora Back gëtt 2023 keen evident Joer:

"Mir kréie kee rouegt Joer. Mir sinn an engem Waljoer a mir hunn eng Energie- a Präiskris. Fir déi schaffend Leit an d'Entreprisen, et gëtt net méi einfach. Och well Gewerkschaften an Entreprisen aner Léisungsiddien hunn. Et héiert een awer eraus, datt d'Gewerkschaften gëeent an d'Reuniounen era ginn."

Politesch Reaktiounen

D'Oppositioun an der Chamber gesäit sech confirméiert, dass den Tripartitesaccord net duergeet an dass d'Regierung Feeler gemaach hätt. Allerdéngs gëtt eng Tripartite fir d'Rentrée unanime begréisst.

Déi misst akribesch virbereet ginn, fuerderen d'Oppositiounsparteien. An d'Majoritéitspartei déi Gréng, setzen sech wéi d'Sozialisten fir séier a kreativ Léisungen an fir de Kafkraaftverloscht vun de Leit ze kompenséieren.

Déi gréissten Oppositiounspartei CSV seet, et wier vill falsch ugepaakt ginn. De Co-Fraktiounschef Gilles Roth:

"Mir soen awer ganz kloer. Den Index kann een net endlos verréckelen. Den Index ass en Ausgläich fir Kafkraaftverloscht. Dee wäit bis an d'Mëttelschicht era geet. Et war och e Feeler, wou et gutt gaangen ass, d'Leit keng steierlech Erliichterunge kruten. D'Regierung huet léiwer am Floribus gelieft. Elo kënnt d'Diskussioun vum Indexverréckelen a vu méi Steieren. Mir fuerderen, datt Leit steierlech gehollef an hiren Kafkraaftverloscht ausgeglach kréien."

Ëm déi aktuell Situatioun a Saachen Inflatioun an Index goung et e Freideg och an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun" mam Marc Spautz vun der CSV.

D'Josée Lorschée vun déi Gréng seet:

"Dat wäert déi grouss Fro an der Tripartite sinn. Betriber a Salariéen hu Schwieregkeeten. Et geet drëm en Accord ze fannen, dee besonnesch déi vulnerabelst Schichten ënnerstëtzt. An datt d'Indextranchë kompenséiert ginn, wéi elo. An datt d'sozial Inegalitéiten net weider méi grouss ginn."

Dat Ganzt ass komplex, seet de Fernand Kartheiser vun der ADR:

"Et kann ee sech net nëmmen op d'Ausbezuele vum Index fokusséieren. D'ADR ass derfir, datt mer nees zeréck an den Automatismus vum Indexmechanismus kommen. Och fir e Stau un Indextranchen ze evitéieren. Et misst een d'Betriber awer och dorobber preparéieren, dee Schock kënnen auszehalen".

Et besteet op alle Fall Handlungsbedarf, esou de Sven Clement vun de Piraten:

"Bal d'Hallschent vun de Stéit huet mëttlerweil Problemer iwwert d'Ronnen ze kommen. Do däerf d'Politik net nokucken. Do muss d'Politik reagéieren".

D'Index-Tranchë mussen nees voll ausbezuelt ginn, fuerderen déi Lénk an hirem Schreiwes.

D'Regierung hätt sech mat hirer Index-Manipulatioun zolidd verkalkuléiert. Se hätt am Fréijoer drop vertraut, datt d'Inflatioun sech am Laf vum Joer géing normaliséieren ouni en alternative Plang am Tirang ze hunn. Elo gesäit de Statec nach zwou weider Index-Tranche kommen. D'Këscht vun der Pandora, déi d'Koalitioun Ufank des Jores opgemaach hätt, géif elo Land a Leit zolidd an d'Laberenten bréngen.

Reaktioun Patronat

Fir de Patronatsdaachverband UEL seet de Jean-Paul Olinger, dass et ee kollektiven Effort brauch:

"Mir sëtzen all am selwechte Boot. D'ekonomesch Indicateure weisen no ënnen. Weltwäit. Zënsen. Präisdeierecht. Wiesselcoursen. Och politesch. D'Situatioun mat China. Kafkraaftverloscht. Och fir d'Betriber. Dernieft sollen d'Betriber Reserven op d'Säit leeën. Fir d'energetesch Transitioun an d'Digitaliséierung. Do stelle sech vill Froen. Kreativ Léisunge si néideg. Dofir hu mer de Sozialdialog an dee wäert funktionéieren".