D'Monument vum Lëtzebuerger Ingenieur Nicolas Cito aus dem Joer 1892 soll ewechgeholl ginn.

"Mir wëllen duerch Stroosse goen, déi eis respektéieren", fuerdert déi anti-rassistesch a feministesch Associatioun "Lëtz Rise Up". Uechter d'Land ginn et ëmmer nach Stroossen a Monumenter, déi u Männer erënneren, déi un der Ausbeutung vun europäesche Kolonië bedeelegt waren – och wann haut déi mannsten nach wëssen, wie si waren. Fir d'Nokomme vun deenen indigene Populatioune wier dat awer problematesch - besonnesch eng Gedenkplack zu Käerjeng. Op Facebook huet d'Lëtzebuerger Associatioun d'Käerjenger Gemengerot opgefuerdert, d'Monument vum Lëtzebuerger Ingenieur Nicolas Cito aus dem Joer 1892 fort ze huelen.

Monument Nicolas Cito - Rep. Charel Thillen

Op dëser Plaz virum Gesondheetslycée LTPS gëtt un den Nicolas Cito erënnert – e Lëtzebuerger Ingenieur, deen am 19. Joerhonnert zoustänneg war, fir déi éischt Eisebunnslinn am vun der Belsch besate Kongo ze bauen, fir Matière-premièren an Europa ze transportéieren. Ëm déi 5.000 Leit aus dem Kongo, déi gezwonge goufen, dorun ze schaffen, sinn deemools gestuerwen.

De Bau vun der Eisebunnslinn tëscht Matadi an dem deemolege Leopoldville huet duerch déi rau Aarbechtskonditiounen ëm déi 5.000 Kongolesen, déi gezwonge goufen, drun ze schaffen, d'Liewe kascht, sou den Historiker Régis Moes: "Wa mer lo déi dote Bunnstreck huelen tëscht Matadi a Leopoldville, deemools sinn d'Zuelen, déi d'Historiker ervirbréngen, tëscht 4.000 a bis zu 6.000 Doudeger. Dat huet och domat ze dinn, dass déi afrikanesch an och chineesesch Aarbechter, déi op dem Eisebunnsbau waren, eigentlech net richteg gezielt hunn, well fir d’Europäer deemools war dat net wichteg".

D'Gedenktafel zu Käerjeng muss "Lëtz Rise Up" no ofgerappt an ersat ginn. Net un de wäisse Mann aus Lëtzebuerg soll hei geduecht ginn, mee un d'Affer, déi beim Bau vun der Eisebunn ëmkomm sinn. Well fir vill Leit, déi net selwer direkt betraff sinn an net wëssen, wéi eng Geschicht Lëtzebuerg mam Kolonialismus huet, ass d'Sensibiliséierung ganz wichteg, sou d'Sandrine Gashonga vu "Lëtz Rise Up":

"Non seulement les personnes qui ne sont pas concernées directement. Quoique tout le monde est concerné en fait, mais aussi les personnes, par exemple les afro-descendants, qui sont les héritiers de la douleur en tout cas de cette histoire-là. Donc c’est vraiment les deux parties qu’il faut conscientiser je pense."

D'Ofrappe vum Monument soll een Ëmdenke mat sech bréngen a weisen, dass haut nach Leit mat Afro-descendants-Originnen d'Nowierke vum Kolonialismus spieren:

"Et nous ce que nous voulons en fait, d’enlever la plaque, mais aussi de la remplacer par quelque chose de plus positif. Donc qui est une plaque en mémoire des personnes qui sont mortes pour construire des infrastructures qui ne leur servaient pas. Et qui en plus servaient a l’Europe et dont l’Europe ne se souvient pas en fait. Il faut aussi se souvenir de ces personnes."

Vun der Gemeng hätt ee gesot kritt, datt et keng Intentioun géing ginn, d'Plack fort ze huelen. Aus dem Ausland kennt ee Biller vun Aktivisten, déi Statue vu Kolonialherrscher mat rouder Faarf beschmiert hunn oder an d'Waasser gepucht hunn. Lëtz Rise Up huet elo mol mat enger Petitioun ugefaangen.

Et ass net fir d'éischt, datt d'Plack a Fro gestallt gëtt – 2020 hat de Kënschtlerkollektiv "Richtung22" den Nicolas Cito hanner Gitter gesat. Eng Aktioun, un déi an enger Expo iwwert d'kolonial Vergaangenheet vu Lëtzebuerg am MNHA erënnert gëtt. Wéi een hei gewuer gëtt, hunn d'Gemengen eng ënnerschiddlech Aart a Weis, mat der Kolonialgeschicht ëmzegoen.

D'Lokomotiv, mat där den Nicolas Cito als éischten an dat deemolegt Leopoldville era gefuer ass, steet iwwregens nach ëmmer an der Haaptstad, déi haut Kinshasa heescht, fir un déi bluddeg Zäit z’erënneren.