National Bankewelt verléiert en ActeurBank Fortuna zitt sech zeréck, Clientë kënne vu Spuerkeess iwwerholl ginn

RTL Lëtzebuerg
D’Bank Fortuna informéiert hir Clienten iwwert de progressiven a mëttelfristegen Out vun hire Bank-Aktivitéiten.

Déi kooperativ Societéit, déi 1920 gegrënnt gouf, huet mat der Spuerkeess en Deal fonnt, fir dass hir Clienten do kënnen iwwerholl ginn, heescht et e Méindeg de Moien an engem kuerze Communiqué.

Déi concernéiert Clientë sollen an den nächste Wochen informéiert ginn.

2021 hat d’Fortuna Bank mat engem Netto-Benefice vu 7,7 Milliounen Euro ofgeschloss.

Zanter Abrëll dëst Joer hat de Cyril Lamorlette de Poste vum CEO iwwerholl, an d’Direktioun gëtt zanterdeem vum Jean-Louis Camuzat assuréiert.

2018 hat déi libaneesesch “Bank of Beirut” iwwerdeems en Accord de reprise fir d’Fortuna Bank ënnerschriwwen, wat awer knapp 2 Joer dono schonn nees annuléiert gouf. Eng ferm Kris an der libaneesescher Finanzwelt war Schold.

Back to Top
CIM LOGO