Dat kéint fir eng ganz Rëtsch Leit an der Gréngzon e Revirement bedeiten. D’Verwaltungsgeriicht huet am Juli d’Jalone gesat am Beräich Naturschutz an der Gréngzon. Wie virdru säin Haus net renovéieren dierft, kann elo hoffen, well op d’mannst eng Decisioun vum Ëmweltministère an deem Kader géint d’Verfassung a géint d’Mënscherechter verstouss hätt, esou d’Urteel. Et goung ëm eng Koppel, déi en aalt Haus an der Gréngzon huet an do den Daach e bëssen héije wollt. Zousätzlech wollte si eng Zort Spënnchen als Wunnraum ëmbauen. Dat krute si verbueden.
Et geet ëm Baugeneemegungen an der Zon, déi ënnert d’Kompetenz vum Ëmweltministère falen. Der Cour feelt et bei verschiddene Jugementer vum Ministère – notamment bei Refusen - einfach ausgedréckt, u gesondem Mënscheverstand. D’Juriste schwätze vum Principe de proportionalité, deen hei net respektéiert géif ginn, obschonns deen an eiser Verfassung verankert ass. D’Monique Kater iwwer en Arrêt, dee mat grousser Sécherheet en Ëmschreiwe vum 2018er Naturschutzgesetz wäert mat sech bréngen.
Gedierängels, vum Fierschter kontrolléiert, déi eng dierfen alles, mir awer näischt. De Maître Christian Biltgen schwätzt genee déi Leit un, déi sech ongerecht behandelt fillen. Mam 2018er Gesetz wier et nach méi komplizéiert ginn, an enger Zone verte ze liewen, wéi virdrun. Obschonns - an do si mir formell – den Ëmweltschutz an deene geschützten Zone vum PAG soll priméieren. Mee eben net ëm all Präis, an ouni dass Decisioune geholl géifen, déi dat ganzt, de Kontext net kucken, steet an dësem Arrêt, dee vläicht deem engen oder aneren d’Vakanz verdierft.
D’Verwaltungsgeriicht huet déi Decisioun elo annuléiert, wéi dee Francis Delaporte, de President vum Verwaltungsgeriicht, erkläert. “Mir versichen, iwwert déi streng Buschtawen och nach déi grouss Prinzippien afléissen ze loossen, well déi stinn nach ëmmer driwwer. Do hu mir am Environnement den Artikel 11bis vun der Verfassung, dee seet, dass mer mussen en Equiliber schafen am Sënn vun der Durabilitéit an awer och, an dat ass ganz wichteg, am Sënn vun den haitege Generatiounen an deenen, déi nach wäerte kommen.”
Den Ëmweltministère géing mam Refus géint de Prinzip vun der Nohaltegkeet verstoussen, seet de Francis Delaporte. “Wann also an der Zone verte Gebaier stinn, déi schonn do waren, éier dat éischt Environnementsgesetz 1965 koum, an dacks souguer méi ewéi 100 Joer al sinn, dann hunn déi jo de Beweis gi vun hirer Nohaltegkeet an da kann een net zu deene Leit soen: Well kee vun Iech méi dee Beruff huet, deen e misst hunn, also Bauer oder Wënzer zum Beispill, duerft Dir hei näischt méi änneren, dat geet net. Den Nohaltegkeetsprinzip ass dann do méi staark wéi eng streng Reegel. D’Constitutioun an déi international Dispositioune sinn da Meeschter.”
Zousätzlech wier den Nee vum Ministère onverhältnesméisseg. De Prinzip vun der Proportionalitéit hätt Verfassungswäert a stéing domat iwwert dem Gesetz.
Et bleift allerdéngs ze soen, dass esou eng Annulatioun vun der Decisioun net heescht, dass een automatesch eng Autorisatioun fir d’Renovatiounsaarbechte kritt. Den Dossier geet dann zeréck an de Ministère.
D’Prozedure lafen zwar nach, ma kloer ass awer, dass d’Decisioune vum Verwaltungsgeriicht rekurrent sinn, sech also op vill Fäll oder Affäre viru Geriicht, bezéien. Et ass en Arrêt, deen héich Welle schléit, an deen op den ëmweltpoliteschen Dossier mam Numm “Autorisatiounen”, spéitstens am Hierscht, e neit Liicht wäert werfen.
Le Ministère de l’Environnement, du Climat et du Développement durable procède actuellement à une analyse des dispositions de la loi modifiée du 18 juillet 2018 concernant la protection de la nature et des ressources naturelles en vue de son éventuelle modification. Dans ce contexte, les articles dont question à l’arrêt n° 47027 C du 20 juillet 2022 de la Cour Administrative concernant une décision au titre de la loi susmentionnée sont également soumis à analyse approfondie. Une analyse du texte législatif quant aux autres aspects soulevés dans l’arrêt susmentionné sera également faite.
L’arrêt a d’ailleurs d’ores et déjà trouvé ses retombées dans la pratique administrative. D’ailleurs, une autorisation de rénovation a entretemps été émise dans le cas de figure en question.
D’CSV huet schonn op den Arrêt reagéiert a freet d’urgence eng Ëmweltkommissiounssitzung, an där d’Ëmweltministesch Joëlle Welfring Erklärunge soll ginn.
Och d’ADR kritiséiert, d’Gesetz wier plazeweis vague a géing esou vill Spillraum fir Interpretatioune bidden.
Och Déi Lénk hoffen op eng Ännerung vum Gesetz, et géing eng Onverhältnesméissegt vun den Decisiounen am Beräich Naturschutz. Déi Gréng reagéieren zeréckhalend op d’Kritik, et misst ee sech den Arrêt a Rou ukucken an dann eventuell Adaptatioune maachen.
Och d’DP huet betount, et misst een en Equiliber tëscht strengem Naturschutz an den Intressie vun de Leit fannen.
D’Kommissioun soll an den nächste Wochen zesummekommen.