Background am Gespréich (7. Februar)Wéi e Stellewäert hunn den Autofestival an den Auto nach zu Lëtzebuerg?

Claude Zeimetz
E Samschdeg sinn de Philippe Mersch, Frank Maas a Serge Pauly eis Invitéen an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.

Déi europäesch Autosindustrie stécht an der déifster Kris, déi se jee kannt huet. D’Elektromobilitéit trëppelt op der Plaz an d’Consommateuren hu Schwieregkeete sech an deem ganzen Autosdschungel erëmzefannen. Wéi mécht sech dat am Autosland Lëtzebuerg bemierkbar? Wat ass iwwerhaapt nach de Stellewäert vum Autosfestival, deen e Méindeg op en Enn gaangen ass, a vum Auto am allgemengen? A wou geet d’Rees hinn?

Dat alles wëlle mer dëse Samschdeg am Background diskutéieren. Mam President vum Garagisten-an Distributeursverband Philippe Mersch, dem Frank Maas vum Automobilclub an eisem RTL-Autosexpert Serge Pauly. Si sinn tëscht 12h00 an 13h00 live bei eis am Radiostudio.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.

“Background am Gespréich” leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d’Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik “Radio” bei Emissiounen “Background” wielen.

Back to Top
CIM LOGO