OGBL gëtt gréng Luucht fir Tripartitesaccord
Den Nationalcomité vum OGBL huet den Tripartitesaccord en Dënschdeg de Moien ugeholl, sot d'Presidentin vum onofhängege Gewerkschaftsbond virun der Press.
Ouni Diskussiounen an ouni Géigestëmme mat just enger Enthalung huet den Nationalcomité vum OGBL den Tripartitesaccord en Dënschdeg de Moie guttgeheescht, dat huet d'Presidentin vum Onofhängege Gewerkschaftsbond Nora Back virun der Press annoncéiert. D'Haaptfuerderunge wieren erfëllt ginn.
Den Accord vum Mäerz ass vum Dësch, den Indexsystem fonctionéiert nees normal an et géing op d'Inflatioun agewierkt ginn.
"Mir fillen eis confirméiert an eiser Positioun, déi mer zënter der leschter Tripartite haten. Alles dat, wat mir eigentlech gesot hunn zu deem Zäitpunkt, ass elo diskutéiert ginn, enfin diskutéiert ginn.A mir hunn am Fong geholl bei eisem Positionnement op der ganzer Linn just Confirmatioune kritt vun der Realitéit vum Liewen a vun deem, wat passéiert ass, a wéi d'Inflatioun weider geklommen ass a mir sinn elo confirméiert och an eiser Léisungssich, duerch deen Accord deen elo um Dësch läit."
Zu der Kritik, et wier keng sozial Selektivitéit beim Deckel op den Energiepräisser, sot d'Nora Back, datt een déi géing verstoen, ma et hätt elo misse séier goen. Den OGBL hätt sech dofir agesat, datt d'Brems op de Gaspräisser sou séier wéi méiglech géing kommen, am beschten am Oktober.
"Eis als OGBL war et wichteg, dass dat Awierken op de Gaspräis séier kënnt, vun Oktober un am beschte kënnt, an net eben d'nächst Joer, well elo mussen d'Leit hir Haiser hëtzen an hir Wunnengen hëtzen an hir Rechnunge bezuelen. A mir ware jo awer scho bis Enn September elo, wou mer haut hei stinn. Wa mer wollten eng séier Léisung, huet d'Regierung eis gesot, war et eben nëmme méiglech ze soen, mir maachen elo deen do Wee, deen Hiewel, wou dann ebe jiddereen eng maximal Hausse vun de 15 Prozent kritt."
Den onofhängege Gewerkschaftsbond hätt sech wärend der Tripartite och fir steierlech Mesurë staark gemaach: eng Upassung vun der Steiertabell engersäits an eng méi héich Besteierung op héije Revenuen, mam Aféiere vun neien Tranchen uewen an der Tabell anerersäits.
"Et ass gesot ginn, dat misst een dann abetten an enger ganzer Steierreform an et wier elo technesch och net machbar, séier de Barème z'adaptéieren. Et géif vill ze vill kaschten an et hätt elo net seng Plaz hei an där heiten Energiekris." Et wier deemno mol net iwwer steierlech Mesurë geschwat ginn, esou d'Nora Back.
Mat den Hëllefen, déi fir d’Betriber zréckbehale goufen, kéint den OGBL iwweregens ganz gutt Liewen, esou d’Gewerkschaftspresidentin.
“Contrairement zu deem, wat oft da behaapt gëtt vu verschiddene Patronatsvertrieder, dass mir net an der Realitéit liewen, si mir ganz kloer bewosst, dass et Betriber gëtt, deenen hir Realitéit elo schwiereg ass. An dat hu mer och ëmmer gesot als OGBL, dass och déi musse gehollef kréien, mee natierlech ass et awer och wouer, dass mir effektiv warscheinlech an enger anerer Realitéit liewen, wéi verschidde Patronatsvertrieder. An dass et muss cibléiert Hëllefe gi fir Entreprisen, déi elo ganz Energievore sinn oder déi eben och confrontéiert si mat Schwieregkeeten.”
D’Presidentin vun der Industriellefederatioun Michèle Detaille hat e Freideg hei op der Antenn gesot, d’Nora Back géing "net an der Realitéit liewen".

Den LCGB huet schonn e Méindeg gréng Luucht gi gehat. D’Staatsbeamtegewerkschaft souz och en Dënschdeg zesummen an huet och dofir gestëmmt. Den Tripartitesaccord tëschent Gewerkschaften, Patronat a Regierung am Kader vun der Energiekris soll e Mëttwoch de Mëtteg um 13.30 Auer ënnerschriwwe ginn.